D’Obesitéit ass eng ëmmer méi grouss Erausfuerderung fir eis Gesellschaft. Laut Zuelen aus Frankräich ass d’Zuel vun de Persounen, déi un Obesitéit leiden, an de leschte Joerzéngten dramatesch geklommen. A Frankräich ass de Prozentsaz vun 8,5% am Joer 1997 op 17% am Joer 2020 geklommen, wat bedeit, datt méi wéi 8,5 Millioune Fransouse betraff sinn. Besonnesch alarmant ass d’Situatioun bei de Kanner: 34% vun de Kanner tëscht 2 a 7 Joer a 21% vun de Kanner tëscht 8 a 17 Joer waren 2020 a Frankräich iwwergewiichteg oder adipös.
Dës Entwécklung ass net nëmmen e gesondheetleche Problem, mee huet och ekonomesch a sozial Konsequenzen. An deem Kontext ass et wichteg ze verstoen, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit a wéi eng Moossname geholl ginn, fir dësem Problem entgéintzewierken. Gläichzäiteg stellt sech d’Fro, wéi d’Donnéeën iwwer de Gesondheetszoustand vun de Bierger, speziell am Beräich vun der Obesitéit, gesammelt, gespäichert a genotzt ginn, ënner Beuechte vum Dateschutz.
An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:
- Wéi ass d’Situatioun zu Lëtzebuerg am Verglach zu de franséischen Zuelen? Wéi vill Prozent vun der lëtzebuergescher Bevëlkerung leiden un Obesitéit, opgeschlësselt no Alter a sozio-ekonomeschem Hannergrond?
- Wéi eng Moossname goufen a ginn a Lëtzebuerg geholl, fir d’Obesitéit ze bekämpfen a virzebeugen, besonnesch bei Kanner a Jugendlechen?
- A wéi enge staatlechen Datebanke ginn den Index de Masse Corporelle (IMC) an aner Donnéeë mat Bezuch op d’Gesondheet gespäichert? Wéi laang ginn dës Donnéeë gehal?
- Gëtt et eng Vernetzung tëscht de verschiddenen Datebanken, wéi zum Beispill dem Medico Sportif, der Médecine au Travail an anere medezineschen Institutiounen? Falls jo, wéi gëtt de Dateschutz dobäi garantéiert?
- Wéi ginn dës Donnéeën aktuell genotzt? Gëtt et Pläng, fir dës Donnéeën am Kader vun der Preventioun an der ëffentlecher Gesondheetspolitik ze benotzen? Wa jo, wéi soll dat ausgesinn?
- Gëtt et Pläng, fir d’Obesitéit als chronesch Krankheet unzeerkennen, änlech wéi et an anere Länner diskutéiert gëtt? Wéi eng Konsequenze kéint dat fir d’Gesondheetsversuergung zu Lëtzebuerg hunn?