Muffelen – Nofro Januar 2024

Här President,

Sou wéi den Artikel 80 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Ëmwelt, Klima an Biodiversitéit weiderzeleeden.

2020 hat déi deemoleg Ëmweltministesch d’Muffelen zu Iechternach fir d’Juegd fräi ginn. D’Piraten haten a villen Froen an Interventioune fir aner Léisunge plädéiert. An eiser leschter parlamentarescher Fro (N°1961) huet d’Ministesch erkläert, dass d’Afänke vun de Muffele weider eng Optioun wier, falls d’Juegd sech als net erfollegräich géif erweisen.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Wéi vill Muffelen si säit dem Fräigi fir d’Juegd geschoss ginn? Gesäit de Minister dëst als eng erfollegräich Juegd un?
  2. Wéi vill weiblech Muffele goufe bis ewell geschoss an ass gewosst ob Déieren dobäi waren déi gedroen hunn?
  3. Hält den Ëmweltminister weider un der Juegd un de Muffele fest oder wäerten aner Optioune wéi d’Afänken an Zukunft eng Roll spillen?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt