- This event has passed.
Bezierkskongress Süden 2024
Ahoi !
Mir invitéieren dech heimadder häerzlech op de Süd-Kongress, deen de Samschden, den 20te Januar 2024, ab 10h00 am Kulturhaus Käerjenger Treff stattfënnt. D’Adress ass 54c Avenue de Luxembourg, L-4950 Bascharage.
De virleefege Programm vum Kongress gesäit esou aus:
- Begréissung an Erëffnung duerch de Marc Goergen, Deputéierten a Koordinator
- Wal vun der Kongressleedung
- Wal vum Bezierkscomité fir déi nächst 2 Joer (Kandidaturen via ahoi@piraten.lu oder per Post)
- 1 Koordinator
- 1 Tresorier
- Weider Comitésmemberen
- Wal vun 2 Keessepréifer
- Divers
- Mëttegiessen (Flatrate)
Membersbäitrag 2024
Denk drun, ab dem 1te Januar 2024 däi Membersbäitrag vun 10€ fir d’Joer 2024 ze bezuelen, fir um Kongress kënnen ofzestëmmen. De Betrag kanns du op de folgende Konto iwwerweisen:
Piratepartei Lëtzebuerg asbl BCEELULL LU67 0019 3255 6480 6000
Schreif w.e.g. an d’Kommunikatioun: “Membersbäitrag 2024 + däin Numm”
Du kanns däi Membersbäitrag fir 2024 och ganz einfach mat der Kreditkaart um folgende Link bezuehlen: cotisation.pp.lu
Mëttegiessen um Kongress (Flatrate)
D’Flatrate fir Iessen a Gedrénks kanns du hei bezuelen: https://book.stripe.com/8wM00d0w9a7O1vq3cB
Alternativ kanns du einfach ee Virement op folgende Bankkonto maachen:
Piratepartei Lëtzebuerg asbl BCEELULL LU67 0019 3255 6480 6000
Schreif w.e.g. an d’Kommunikatioun
“Flatrate Kongress Süden 2024 + Unzuel u Kanner an Erwuessener”
Mir freeën eis op dech !
Deng PIRATEN