D’Wunnengspräisser um Privatmarché sinn zënter 2018 richteg explodéiert, mam Resultat, dass vill Mënschen hei am Land all Mount ganz vill Sue fir ee Kredit oder ee Loyer opbrénge mussen. Verschidde Persounen hunn iwwerhaapt keng Chance méi, fir um private Wunnmarché eppes ze fannen a mussen aus dem Land plënneren.
Et dierf net sinn, dass Mënschen, déi hei am Land opgewuess sinn, aus finanzielle Grënn mussen auswanderen ! Fir d’Piraten ass d’Léise vun der Wunnengskris eng kloer Prioritéit. Piraten wënschen sech eng Wunnengspolitik, an där net den décke Portmonni entscheet, mee wou jiddereen een Daach iwwert dem Kapp ka kréien.
102 Gemengen, eng Rëtsch Ministèren an zwee ëffentlech Promoteure sinn aktuell um Bau vun ëffentleche Wunnenge bedeelegt. D’Gemengen hunn a villen Entscheedungen am Wunnengsbau dat lescht Wuert an dat mécht d’Situatioun um Wunnmarché net méi einfach.
Den offiziellen Zuele vum STATEC no bréichte mer aktuell ronn 8.000 zousätzlech Wunnengen d’Joer, fir dem demografeschem Wuesstem an eisem Land gerecht ze ginn. Souguer, wou d’Zënsen nach niddreg waren, goufen awer mol net 4.000 Wunnengen d’Joer gebaut. Et gëtt vill geschwat vun iwwer 4.000 Hektar u verfügbarem Bauland, mee de Staat weess aktuell mol net, op wéi vill vu sengen Terrainen an noer Zukunft eng Wunneng wäert stoen.
D’Piraten wëllen ee Masterplang Logement, aus deem ervirgoe soll:
Verschidde Fonge beim Staat, wéi de Pensiounsfong, hu riseg Reserven, déi zum groussen Deel an auslännesch Projeten investéiert ginn, déi weder d’Mënscherechter, d’Ëmwelt an de Klima respektéieren.
D’Piraten wëllen:
Aktuell reegele verschidde Gesetzer d’Bauen hei am Land (Landesplanungsgesetz vun 2004, Naturschutzgesetz, Denkmalschutzgesetz, etc.). Dobäi kënnt, dass och all Gemeng säin eegene Bautereglement huet, wat et fir Architekten a Bauhären zu méi Bürokratie féiert. D’Piraten wëllen eng besser Iwwersiicht iwwert all d’Reegelen an och eng Harmoniséierung tëschent de Gemengereglementer bewierken. An d’Baute-Reegele gehéiert an eisen Aen déi gewënschte Benotzung vum Terrain souwéi déi erwaarte Besiedlungsdicht, ma net, wéi eng Faarf den Daach oder eng Garagëpaart soll hunn.
D’Piraten fuerderen:
Wat méi Wunnengen op engem Terrain gebaut ginn, wat all Wunneng méi bëlleg ka verkaf ginn, well een den Terrainspräis op all Wunnunitéit kann opdeelen an d’Baukäschten normalerweis stabil bleiwen (ronn 4.000€/m2 +/-). Gläichzäiteg hu méi héich Gebaier de Virdeel, dass een hei och Servicer op verschiddene Stäck direkt mat abaue kann, déi dann alle Bewunner vum Quartier Liewensqualitéit brénge mat Crèchen, Epicerien, Bäckeren, Cabinets médicaux oder Kinéen.
Op anere Plazen, grad am ländleche Raum, sollte mer d’Kierch am Duerf loossen an op aner Léisunge setzen, déi sech an d’Landschaftsbild afügen.
D’Piraten:
D’Bauprozeduren hei am Land sinn oniwwersiichtlech a komplex. Dëst ëmsou méi, well nieft der Gemengeverwaltung och d’Verwaltunge vu véier Ministèrë mat an ee Bauprojet kënnen involvéiert ginn. Vill Bauhäre verléieren den Iwwerbléck a frustréieren am Pabeierdschungel. Dobäi si Prozedure richteg a wichteg, fir ze verhënneren, dass hei am Land egal wat an egal wou gebaut gëtt.
D’Piraten schwätze fir eng Ännerung vun de Prozeduren aus, andeems een op d’Digitaliséierung setzt:
Aktuell existéieren um nationale Plang just zwee grouss ëffentlech Promoteuren: de Fonds de Logement (FDL) an d’Société National d’Habitations à Bon Marché (SNHBM). D’Waardelëschten, fir hei eng gënschteg Wunneng kënnen ze kréien, si laang an déi zwee Promoteure kommen zënter Joerzéngten net mam Bauen no. De grousse Besoin un erschwéngleche Wunnenge mécht et néideg, dass de Staat och mam Privatsecteur zesummeschafft, wou iwwer 90% vun de Wunnengen all Joer gebaut ginn.
D’Piraten sinn oppen dofir:
Fir Bauterrainen esou schnell wéi méiglech kënnen ze notzen, bis dass genuch staatlech Wunnengen do sinn, sollt ee bestoend Terrainen elo schonn notzen:
Obwuel de Bausektor hei am Land mat ee vun de gréissten an Europa ass, feelen op alle Schantje Leit, fir méi schnell ze bauen. Gläichzäiteg sinn d’Salairen am Bausektor mat déi niddregst, wann een Zuele vum STATEC kuckt. Och den Internationale Wärungsfong an d’Konkurrenzautoritéit hunn de selwechte Constat gemaach.
Fir eis Piraten mussen d’Aarbechtskonditiounen am Bausektor verbessert ginn, fir méi Leit unzelackelen. Mir proposéieren:
Aktuell gesäit d’Gesetz vir, dass de Buergermeeschter an enger Gemeng d’Baugeneemegunge muss ausstellen, wann all d’Reegele vum PAG a PAP erfëllt sinn. An der aktueller Wunnengskris, wou Terraine Gold wäert sinn, féiert dat awer ganz schnell zu Situatiounen, déi zu Interessekonflikter a Korruptioun féiere kéinten.
Mir Piraten wëllen:
An dësem Gremium solle Vertrieder aus Proprietären, Locatairen, Wëssenschaftler, Immobilienprofien a Finanzinstituter soll als ‘Denkfabrik’ funktionéieren an duerch onofhängeg Avis’en d’Politik beroden, fir de Wunnengsmaart besser plangen ze kënnen. De Conseil soll onofhängeg vu politesche Faarwen zesummegesat sinn: e soll d’Zivilgesellschaft representéieren an net d’Politik.
Mir kréien de Wunnengsproblem net geléist, andeems mer nëmmen um hei am Land plangen a maachen. D’Groussregioun muss aktiv an d’Bewältegung vun der Wunnengsproblematik matagebonne ginn. Et geet dorëms, d’Liewensqualitéit grenziwwerschreidend z’erhéijen. D’Potenzial vun der Groussregioun muss genotzt ginn, fir Drock vum nationale Wunnmarché ze kréien.
Mir Piraten kéinten eis gemeinsam Bau- an Infrastrukturprojeten iwwert der Grenz virstellen, wou Gemengen op béide Säite mam Staat gemeinsam matmaachen.
D’Rapporte vum Observatoire de l’Habitat weisen, dass zu Lëtzebuerg nach ronn 4.000 Hektar Land fir de Wunnengsbau kënne benotzt ginn an deemno Bauterraine fir 300.000 weider Persounen hei am Land verfügbar sinn. Iwwer 500 Hektar sinn am Besëtz vum Staat an de Gemengen ! Dorobber kënnen déi nächst 20 Joer nach zéngdausende Wunnenge gebaut ginn!
Dofir ass eisen Usaz:
Lëtzebuerg huet ee grousse Wunnengsmangel an dofir muss méi gebaut ginn. Allerdéngs dierfe mer eis Bautepolitik net géint d’Natur ausspillen, well dat schlëmm Folge fir eis Ëmwelt huet a Punkto Biodiversitéitsverloscht, Flächeversigeleung, Iwwerschwemmungen a Liewensqualitéit.
Fir de Bausecteur gëllt fir eis:
Duerch déi héich Aktivitéit am Bausecteur entsteet vill Bauschutt: al Gebaier, déi ofgerappt ginn a Buedem, deen ausgegruewe muss ginn. Aktuell existéiere queesch duerch d’Land Bauschuttdeponien, wou dëse Bauschutt kann hi bruecht ginn. Mee op ville Platze sinn d’Deponie voll an et deet een sech zënter Jore schwéier, fir nei Deponien opzemaachen.
De Problem vum Bauschutt muss resolut ugaange ginn:
Historesch Gebaier gehéieren zum Stadbild vun enger Gemeng an erziele vill iwwert d’Geschicht vun enger Uertschal.
Eis Partei huet sech an de vergaangene Jore kritesch mam Ëmgang mat eisem historesche Bauierwe beschäftegt. An der Chamber hu mer den Ofrëss vun der Ettelbrécker Gare kritiséiert an ofgeleent. Mir haten och a parlamentaresche Froen un d’Kulturministesch verschidde Bauprojeten ënnert d’Lupp geholl, wou bauhistoresch Gebaier sollten ofgerappt ginn. An engem Fall (dem Eesebuerer Schlass) ass et eis souguer gelongen, dass een Ofrëss- Stopp domadder bewierkt gouf.
Wann eppes national geschützt ass, kann de Buergermeeschter awer eng Autorisadon de destruction ginn, mat der Oplag, dass de bestoende Gabarit geschützt gëtt. Dat ass en Nonsens.
D’Piraten wëllen, dass: