Zënter Jore gëtt de Wuesstem als eppes duergestallt, wat einfach esou vun uewen erof op eist Land eroffält. Dobäi ass de Wuesstem zu Lëtzebuerg politesch gewollt, hausgemaach an net an allen Hisiichte schlecht. De Wuesstem, dee politesch gewollt ass, ass virun allem quantitativ: méi Wirtschaft, méi Aarbechtsplazen an um Enn méi Steierrecette fir eise Sozialsystem um Lafen ze halen.
Zënter e puer Jore mierke mer awer, wéi sech dëse quantitative Wuesstem op d’Liewensqualitéit zu Lëtzebuerg auswierkt. De Problem ass net de Wuesstem u sech, mee d’Ampleur an d’Richtung vum Wuesstem an, well mer dem quantitiative Wuesstem fräit Feld iwwerloossen an déi negativ Konsequenzen, wéi d’Präisser um Wunnmarché, den Trafic, d’Zersiidlung vun eisem Land an den onmoossege Ressourcëverbrauch ignoréieren an net an eis Rechnungen eranhuelen.