Drëtten Alter

Inhalt

Drëtten Alter

Mir Piraten wëllen, dass d’Leit méiglechst laang ee selbstbestëmmt Liewe kënne féieren. D’Leit sollen sou laang wéi méiglech autonom bleiwen, un der Gesellschaft deelhuelen a selwer iwwert hiert Liewen an hir Zukunft bestëmmen.

Nei Wunnformen erméiglechen

An engem méi héijen Alter ass et net méi ëmmer méiglech respektiv esou einfach fir eleng ze wunnen, zum Beispill an engem Haus, dat mat vill Entretien verbonnen ass. Vill Leit spieren sech awer nach trotz gewëssen altersbedéngte Problemer ze gutt a wëllen net an een Altersheem, wat dacks mat engem groussen Aschnëtt vun der Onofhängegkeet an der Autonomie verbonnen ass. Doduerch sinn nei Iddie fir alternativ Wunnformen entstanen, zum Beispill verschidde Modeller fir Wunngemeinschaften. Et gi mëttlerweil eng Rei interessant Projeten, mee si kënnen opgrond vun der aktueller Gesetzgebung dacks net ëmgesat ginn. 

Mir fuerderen hei kloer dass:

  •  De legale Kader hei aktualiséiert an un déi modern Ufuerderungen a Virstellungen ugepasst gëtt;
  •  Nei Wunnformen, wéi zum Beispill verschidden Zorte vu Wunngemeinschaften, Projete vun intergenerationellem Wunnen, Wunnkooperativen asw., legal berécksiichtegt a facilitéiert ginn.

Dignitéit vun all Mënsch an Alters-oder Fleegeheemer respektéieren

Leider ass et net ëmmer méiglech, fir eleng oder an enger alternativer Wunnform ze liewen an eng Persoun ass zum Beispill opgrond vu gesondheetleche Problemer dorop ugewisen, an een Alters- oder Fleegeheem ze zéien. 

An dësem Kontext fuerdere mir:

  •  En universellen Zougang zu Zëmmeren an Alters- a Fleegeheemer, onofhängeg vun der finanzieller Situatioun vun de betraffene Leit;
  •  Eng Obligatioun, dass all Zëmmer mat enger eegener Toilette an enger eegener Dusch muss equipéiert sinn;
  •  Weider Rekrutementer vu qualifizéiertem Personal, fir eng gutt Betreiung a qualitativ héichwäertege Servicer an den Alters- a Fleegeheemer ze assuréieren;
  •  Kontrollen um Terrain fir d´Qualitéit vun der Betreiung ze suivéieren an z´assuréieren.

Mobilitéit assuréieren

Och eeler Leit wëlle gär mobil sinn an dozou gehéiert natierlech och den Accès zum ëffentlechen Transport. Donieft musse vill méi Alternativen am ëffentlechen Transport ugebuede ginn, fir dass all Persoun esou mobil wéi méiglech ka bleiwen. E Beispill fir esou eng Offer ass den Déngscht Adapto. Mat der Reform vum Adapto hu vill Leit hiren Accès zu dësem Service verluer, well si net méi de neie Krittären entspriechen. Zënterhier ass fir vill Leit de Service dann och net besser ginn, am Géigendeel. Och de net urgenten Altentransport ass fir vill Leit dacks problematesch. Hei ginn et verschidden Tariffer an et ka séier geschéien, dass eng Persoun fir eng relativ kuerz Streck deels ganz héich Präisser bezuele muss respektiv Servicer a Rechnung gestallt kritt, déi esou net néideg waren. Dës Rechnunge ginn dann och net vun der Gesondheetskeess iwwerholl. Heimat gi Persoune finanziell bestrooft, déi keng Persoun an hirer Famill oder an hirem Ëmfeld hunn, déi si zu engem Rendezvous ka bréngen.

Am Beräich vun der Mobilitéit fuerdere mir deementspriechend:

  •  Eng Upassung vun de Busquaien, esou dass jidderee besser ran- a rausklamme kann;
  •  Eng Promotioun vun Initiative wéi Ruffbusser op nationalem wéi och op regionalem Niveau. Eng Upassung vun de Servicer vum Adapto, esou dass Leit, déi no den aktuelle Krittäre gratis vum Adapto kënne profitéieren, dëst och weiderhin kënnen;
  •  Den Zougang zu dem Service vum Adapto fir eeler Leit ze vereinfachen, an dëst zu engem reduzéierten Tarif;
  •  Eenheetlech Tariffer am Beräich vun dem net urgentem Alterstransport.

Accès zur Digitalisatioun

Vill eeler Leit kënnen net ëmmer gutt mat engem Computer, Tablett oder Smartphone ëmgoen. Dëst kéint awer a ganz ville Fäll geännert ginn, wann een de Leit géif ënnert d’Äerm gräifen an hinne weisen, wéi et geet.
Dofir mussen iwwerall am Land entspriechend Coursen offréiert ginn. Esou erméiglecht een et och eelere Leit, fir vun enger Rei Servicer an Offeren ze profitéieren an si net méi vun der digitaler Gesellschaft auszeschléissen. Gläichzäiteg sollen hei awer och Coursen zu aneren Thema ugebuede ginn, wéi zum Beispill zur Sécherheet am Internet oder och der Partnersich, well Léift a Sex net nëmme Jonker betrëfft.
Zudeem mussen awer natierlech eng Rei Servicer assuréiert ginn, wéi zum Beispill Bank- oder Postguicheten an den Dierfer oder och analog Alternative fir administrativen Demarchen.

Promotioun vun der Präventivmedezin

Déi bescht Krankheet ass déi, déi guer net réischt opkënnt. An no dësem Motto misst och eise Gesondheetssystem opgestallt ginn. Aktuell gëtt awer nach vill ze wéineg Wäert op d’Präventioun geluecht. Dëst och, well eis Nomenclature de Facteur Zäit guer net berécksiichteg an d’Dokteren esou ënnert Zäitdrock setzt. Grad am Alter ass awer eng gutt Präventivmedezin wichteg, fir dass méiglechst vill Leit bis an een héijen Alter gesond bleiwen.

Géint Altersaarmut

D’Mindestrent muss un déi aktuell Wirtschaftssituatioun ugepasst ginn, fir doduerch ze verhënneren, dass Mënschen, déi hiert Liewe laang zum Wuel vun dësem Land bäigedroen hunn, an d’Aarmut ofrëtschen a schlëmmstefalls souguer op der Strooss landen.
Déi sougenannte Witwerent soll gläichgestallt gi mat der normaler Rent an net reduzéiert ginn, wann de Partner stierft, den dofir abezuelt huet. De Partner, dee manner oder guer net cotiséiert huet, soll am Alter net dofir bestrooft ginn.
D’Witwesteier muss endlech ofgeschaaft ginn. De Verloscht vum Partner ass fir déi Hannerbliwwe scho schwéier genuch, dëse Verloscht soll steierlech net och nach bestrooft ginn.

Prête fir Senioren

Et muss och eelere Leit erméiglecht ginn, fir e Prêt opzehuelen, wann si hiert Doheem wëlle renovéieren. D’Doheem ze moderniséiere muss och fir eeler Leit méiglech sinn. Eng Rei Banke wëlle Persounen ab engem gewëssen Alter awer kee Prêt méi ginn. Dat ass an eisen Aen eng ongerechtfäerdegt Diskriminéierung. Och eeler Leit musse kënne Renovéierungsaarbechten oder Ännerungen un hirem Doheem virhuelen, ouni dass si dës Suen op hirem Bankkonto mussen hunn. Fir eis ginn et hei e puer Méiglechkeeten, zum Beispill gedeckelt Montanten oder eng méi kuerz Lafdauer vum Prêt. Eng wieder Méiglechkeet wier iwwert eng Assurance solde restant dû, déi den oppene Betrag géif iwwerhuelen, am Fall wou eng Persoun géif verstierwen.

Programm Leit hëllefe Senioren

Mir fuerderen d’Schafung vun enger zentraler Plattform. Hei kënnen eeler Leit sech aschreiwen, wann si Hëllef bei verschidden Aufgaben oder Aktivitéite brauchen, zum Beispill fir de Wuess ze méinen oder fir si bei den Dokter an engem Spidol ze begleeden an dofir ze suergen, dass si gutt am Spidol ukommen an de richtege Stack an dat richtegt Zëmmer fannen. Fräiwëlleger kënnen sech hei och aschreiwen, d’Annoncen ukucken an iwwert dëse Wee eelere Leit hëllefen. Dofir géifen si dann och finanziell mat engem klenge Montant fir déi hinnen entstane Käschten entlaascht ginn. Dëse Montant kéinten si als Benevole no der aktueller Gesetzgebung bis zu enger Héischt vun 10.000€ steierfräi deklaréieren.