Integratioun vun arabophone Flüchtlingen

D’ASBL “Eng Zukunft fir Lëtzebuerg” setzt sech zënter Jore fir eng besser Integratioun vu Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg an, notamment, well d’Personal an d’Fräiwëlleger vun der ASBL den arabophonesche Persounen a Familljen hei am Land bei hiren Demarchen hëllefen. Fir dëse Service kënne ronderëm d’Auer ze garantéieren, gouf d’ASBL wärend 4 Joer vun der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte finanzéiert. Am Dezember huet d’ASBL matgedeelt, dass dëse Finanzement op een Enn kënnt. Et ass net gewosst, ob de Staat oder eng aner Organisatioun d’Servicer, déi d’ASBL ugebueden huet, wäert iwwerhuelen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Ass vu Säite vun der Regierung virgesinn, d’Servicer, déi d’ASBL “Eng Zukunft zu Lëtzebuerg” ugebueden huet, weiderhin unzebidden?
    • Falls jo, wéi eng Organisatioun oder wéi ee staatleche Service wäert der arabophonescher Communautéit zur Säit stoen an ass de Minister der Meenung, dass d’Prestatioune gläichwäerteg erhale wäerte bleiwen, wéi ënnert der Leedung vun der ASBL?
    • Falls jo, wéi wäert de Minister dat garantéieren a wéi vill Sue wäerten hei investéiert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7457

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene