Rechter vun de Leit an Aarbechtsmesurë vun der ADEM

An der Äntwert op eng virrecht parlamentaresch Fro (n°7226) huet den Aarbechtsminister erkläert, dass Persounen an enger Aarbechtsmesure bei der ADEM (OTI, CAE, CIE, SP oder CRE) kee Recht op Congé pour raisons familiales hunn. Dëst wëll den Aarbechter, ausser an enger Mesure spéciale, keen “Salarié” wier. An der Äntwert vum Minister gëtt och gesot, dass fir déi Aarbechter kee Recht op d’Congés extraordinaires gëllt. Dat géing bedeiten, dass dës Persoune kee Recht op zousätzlech Congésdeeg hätte wann ee Familljemember stierft.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat fir aner Rechter hunn Persounen net, par Rapport zu engem Salarié an engem CDD oder CDI, wann se an enger Aarbechtsmesure sinn?

  2. Wat fir Ënnerscheeder gëtt et a Punkto Congéen tëscht engem Aarbechter an enger Mesure spéciale vun der Adem an deenen aneren Aarbechtsmesuren?

  3. Gedenkt de Minister hei Ännerunge vir ze huelen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7244

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt