Elektresch Brancarden (Tragbahren)

D’Leit vum CGDIS sinn oft op Brancarden (Tragbahren) ugewisen. Si mussen d’Leit op d’Brancard hiewen an dës dann an hiert Gefier lueden. Béides ka mat vill Kraaftopwand verbonne sinn. Zu de klassesche Brancarde gëtt et mëttlerweil awer och elektresch Alternativen, respektiv elektresch Hëllefen, déi de Brancard elektresch an d’Ambulanz eranzitt an och erëm raus op d’Rieder stellt. Dës hunn zum virdeel, dass d’Rettungskräften manner kierperlech mussen ustrengen a schlecht Haltunge vermeiden, déi hier kierperlech Gesondheet beanträchtegen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat misst am Rettungswon geännert ginn, am Fall wou ee vun enger normaler Brancard op een elektresche System wéilt ëmstellen? Wat wier de Käschtefaktor?

  2. Kéint eng oder béid Optioune mat den aktuelle Rettungsween vum CGDIS ëmgesat ginn? Wa jo, wäerten esou Brancarde lues a lues déi al ersetzen? Wa nee, firwat net?

  3. Wéini wäerten déi nächst Rettungsween viraussiichtlech bestallt ginn?  Wäert hei gekuckt ginn, fir Ween ze bestellen, déi mat esou elektresche Systemer equipéiert, respektiv kompatibel wieren?

  4. Wéini sinn déi lescht Rettungsween bestallt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7023

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt