Compte de paiement de base

All Mënsch brauch e Bankkonto, sief et fir Suen anzebezuelen, Rechnungen ze bezuelen oder Änleches. An engem Gesetz vum 13te Juni 2017 ass virgesinn, dass all Persoun hei am Land e sougenannte Compte de paiement de base kann opmaache fir seng finanziell Situatioun ze geréieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Compte de paiement de base ginn et aktuell hei zu Lëtzebuerg?

  2. Wéi vill Demande fir e Compte de paiement de base opzemaache goufen zënter dem Akraafttriede vun dësem Gesetz all Joer gemaach?

  3. Wéi vill vun dësen Demande goufen zënter dem Akraafttriede vun dësem Gesetz refuséiert an aus wat fir enge Grënn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6932

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt