Ofstëmmunge vu Lëtzebuerg an UN Gremien

Lëtzebuerg hat d’Chance an deene leschten 10 Joer a verschiddenen UN-Gremie Member ze sinn. Nieft eisen temporäre Memberschaften ass Lëtzebuerg och Deel vun der UN Volleksversammlung, der UNGA.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi huet Lëtzebuerg säit Ufanks des Joers bei Resolutioune vum UN Mënscherechtsrot ofgestëmmt (opgelëscht no Titel vun der Resolutioun a Vott) ? Kann de Minister an dëser Lëscht uginn, a wéi enge Fäll de Vott vu Lëtzebuerg duerch eng gemeinsam europäesch Positioun zustane komm ass?

  2. Wéi huet Lëtzebuerg säit 2013 bei de Resolutioune vun der UN Volleksversammlung ofgestëmmt, wou et ëm spezifesch Länner gaangen ass (opgelëscht no Titel vun der Resolutioun a Vott)? Kann de Minister an dëser Lëscht uginn, a wéi enge Fäll de Vott vu Lëtzebuerg duerch eng gemeinsam europäesch Positioun zustane komm ass?

  3. Wéi huet Lëtzebuerg 2013 an 2014 bei de Resolutioune vum UN Sécherheetsrot ofgestëmmt (opgelëscht no Titel vun der Resolutioun a Vott)? Kann de Minister an dëser Lëscht uginn, a wéi enge Fäll de Vott vu Lëtzebuerg duerch eng gemeinsam europäesch Positioun zustane komm ass?

  4. Wéi huet Lëtzebuerg vun 2019 bis 2021 bei de Resolutioune vun dem UN Wirtschafts- a Sozialrot ofgestëmmt wou et ëm spezifesch Länner gaangen ass? Kann de Minister an dëser Lëscht uginn, a wéi enge Fäll de Vott vu Lëtzebuerg duerch eng gemeinsam europäesch Positioun zustane komm ass?

  5. Wéi oft goufen an dëse Gremie Resolutiounen iwwer Lëtzebuerg zur Ofstëmmung bruecht?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6664

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt