Communiqué: Boulevard de Kyiv an der Stad (N3)

 

Solidaresch mat der Ukrain a sengem Vollek ënnerstëtzt d‘Piratesektioun d‘Stad Lëtzebuerg de Projet fir d’Nationalstrooss 3 an der Stad den Numm Boulevard de Kyiv ze ginn. Mir stéieren eis allerdings un der pro-russescher Schreifweis, déi dëst an der internationaler Transliteratioun als Kiev verbreet. Fir eis ass et kloer, datt d’Strooss muss an der ukrainescher Transliteratioun, also Kyiv an net Kiev, geschriwwen ginn, oder an der ukrainescher kyrillescher Schreifweis Ки́їв. Alternativ existéieren nach folgend Schreifweisen: Kyjiw oder Kyïv. Dës kleng mee wichteg Ännerung ass ee wichtegt Symbol, deen d’Unerkennung vun der ukrainescher Kultur an Identitéit bestäerkt.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene