M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Ech wëll net ze vill op de Fong agoe vum Gesetz, well dat, wat den Här Kartheiser elo grad gefrot huet, kann ee mat zwee Mausklicken um Site vum Tresor noliesen, genau, wéi eng Engagementer mer hunn an inwiefern déi och schonn ofgeruff goufen. Ech ka mech och erënneren, datt mer rezent an enger Kom- missioun all déi Dokumenter nach eng Kéier gewise kruten, wéi d’Encoursë vun deene jeeweilege …, vum Capital appelé ass par rapport zu de Garantien, déi mer ginn hunn.
Ech wëll awer kuerz eng Kéier op d’Form vum Gesetz agoen, well et weist, datt wann et muss goen, och ganz séier kënne Gesetzer duerch d’Chamber goen. Dat heiten ass eent vun deenen, wat jo ganz séier koum.
A firwat koum et ganz séier? Ma well d’Regierung den Artikel 99 vun der Verfassung emol erëm eng Kéier vergiess hat. Den Artikel 99, Dir erënnert Iech, dat ass deen, deen och schonn an der SuperDrecksKëscht-Af- fär gespillt huet, wou et drëm geet: Wéi laang kann d’Regierung wéi vill Geld engagéieren? An dofir ass et, mengen ech, ganz gutt, datt de Staatsrot hei fréizäiteg drop higewisen huet, eng Opposition formelle gemaach huet, an doduerjer mer dunn deen Artikel an eng Loi spéciale gegoss hunn, déi mir dann awer – nämlech mam Zil vun deem, wat hei garantéiert gëtt – abso- lutt ënnerstëtzen! An dofir wäerte mer d’Gesetz mat- stëmmen, och wann ech mer gewënscht hätt, datt et vun Ufank un en eegent Gesetz gewiescht wär an net eréischt duerch eng Opposition formelle zu engem ee- gene Gesetz gi wier.