M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Ech kann dem André Bauler just zu deem Rapport felicitéieren. An alles, wat e gezielt huet, entsprécht och
menger Meenung. An de Rapport ass villfälteg. Jo, et
huet sech geännert. Vum Depot bis haut huet sech
d’Situatioun geännert. A mir si sécherlech frou, dass
mer dat Instrument elo hunn. Wéi oft hunn ech hei
nogefrot fir déi ominéis Fligeren? Ech weess, dat sinn
elo net d’Finanzen, mee d’Fligeren … Bon, do ware se
zu Istanbul, dunn zu Moskau, du ware se fort.
Dat heescht, mir brauchen esou e Kommitee fir déi
Sanktiounen, déi an eisen Ae ganz richteg sinn.
Well mir mussen de russesche Regimm treffen. Mir
mussen déi russesch Leit un der Spëtzt treffen. Mir
mussen net déi kleng Leit a Russland treffen, nee,
well déi sinn net schold un deem, wat geschitt ass.
Déi sinn net schold un der Invasioun an der Ukrain.
Nee, et sinn déi grouss Leit uewen, déi alleguerten –
an dat ass de Phenomeen – vun engem Putin profitéiert hunn, deenen hir Milliounen entstane sinn op
dem Réck vun deene klenge Leit. An dofir sinn déi
Sanktioune richteg an dofir ass dat Gesetz haut och
richteg.
A wa Lëtzebuerg virbildlech ass an der Europäescher Unioun, ma da soll dat gutt sinn, da solle
mer dodrobber houfreg sinn, da kënne mer dat och
dobausse soen. Wann déi aner Länner eeben nach
weiderhi Russland verschidden Diere wëllen oploossen, dann ass dat fir mech eigentlech degueulasse.
An dofir sinn ech frou, dass Lëtzebuerg seng Aufgaben erfëllt an och haut e Gesetz stëmmt, wat deementspriechend ka géint esou Sanktiounen, awer och géint all déi aner Sanktioune vum Terrorismus … Mee
nun emol ass d’Aktualitéit am Moment d’Ukrain. An
dofir fannen ech et och passend, dass mer dann haut
genau an deem Kontext iwwert d’Ukrain a Russland
geschwat hunn.
Merci.
- March 17, 2025
- 11:29 am
- Mobilitéit
D’Piraten hu sech iwwert déi lescht Joren fir den TICE staark gemaach mam Ziil, den Erhalt vum ëffentleche Bussyndikat ze garantéieren an eng Privatiséierung