7950– Projet de loi relatif au financement de l’action SuperDrecksKëscht

M. Sven Clement (Piraten) | Dat gëtt e bësse Botter
fir op d’Kuuscht, ne?

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
D’Madamm Ministesch sot virdrun elo grad op der
Tribün – an ech hu gutt nogelauschtert –, den Audit,
dee gemaach gi wär – Zitat –, „méi wäit gaange wéi
en normalen Audit“.
Ech zitéiere vum Slide 3 vun der Présentation du rapport, wou drop steet, éischte Punkt: „Ce rapport ne
constitue pas un audit selon les normes internationales d’audit ni un examen limité. Notre rapport n’a
pour seul objectif que celui indiqué précédemment“,
an do geet et dann drëm, d’Missioun ze kucken. An
zweetens: „Nous tenons à préciser que la structure
financière de la société O.S.L. et les flux financiers
entre sociétés appartenant à Monsieur Hans-Peter
Walter n’ont pas été analysés, car cela dépasse le
cadre de l’audit de l’action SDK tel que fixé contractuellement entre l’État et la société O.S.L.“
Do stellen ech mer dann awer d’Fro, Madamm Ministesch, wou deen Audit méi wäit gaangen ass, wann
d’Auditeure selwer um drëtte Slide vun hirer Presentatioun schreiwen, datt den Audit net emol d’Krittären vun engem handelsüüblechen Audit erfëllt, well
se eeben och dat deelweis guer net konnte kucken.
Am Audit schwätze se och nach op e puer Plazen dovun: „Déi Piècë krute mer net“, „Déi Piècë konnte mer
net kucken“, „Dat depasséiert eis Missioun.“
Ech wëll just umierken: D’Auditeuren hunn no engem
Kontrakt geschafft, deen de Ministère mat hinnen ofgeschloss hat. Dat heescht: De Ministère huet d’Bornë
vun deem Audit gesat. Dofir fannen ech et elo kéng ze
behaapten, den Audit wär méi wäit gaangen.
An dann, wat de Punkt vum Artikel 245 vum
Code pénal respektiv den Artikel 23 (2) vum Code
d’instruction ugeet, muss ech soen: Mir hunn eis
den Artikel 245 vum Code pénal ganz gutt ugekuckt,
an en Intérêt public oder en „délit de la prise illégale
d’intérêt“ ass etabléiert, soubal en Agent public säin
„intérêt privé en contact avec l’intérêt public“ mécht.
An e supposéiert do keng „preuve d’une intention
frauduleuse“ an och kee Préjudice. An ob hei kee Prejudice komm ass, dat géif ech emol nach an de Raum
stellen.
Mee et muss net emol „frauduleuse“ gewiescht sinn.
Et geet duer, datt e Beamten oder en Elu säin Interêt
privé an eng Situatioun mam Interêt public zesummebréngt. An ech mengen, dat ass no alle Piècen, déi
haut scho virleien – déi schonn an der Vergaangenheet
virlouchen –, ginn an dat ass och, firwat mir déi Konsequenze wäerten huelen, déi mer wäerte maachen.
An ech mengen, ech wollt einfach vun der Madamm
Ministesch wëssen, wou deen Audit awer méi wäit
soll gaange sinn, well aus dem Rapport vun den Auditeure selwer geet dat net ervir.
M. Fernand Etgen, Président | Merci, Här Clement.
An ech ginn d’Wuert zréck un d’Madamm Ëmweltministesch.
Mme Joëlle Welfring, Ministre de l’Environnement,
du Climat et du Développement durable | Jo. Merci.
Also mir gouf gesot, dass Muller & Associés gesot
hunn, dass deen Audit méi wäit geet wéi en Audit légal, also de Scope méi wäit doriwwer erausgeet. An et
ass dat, wat ech virdru gemengt hunn.
Natierlech kënne mer eis och nëmmen op déi Saache
beschränken, déi de Staat a sengem Kontrakt mat
där Firma mécht. Fir elo e Firmegeflecht komplett
ze „durchforsten“, wéi Dir et nennt, wou de CEO och
nach Parten dran huet, dat depasséiert definitiv dee
Kader, dee mer an deem Audit dierfe kucken. An ech
hunn nach eng Kéier gesot: Et gëtt e Gesetz, wat de
Secret d’affaires schützt. Dir wësst jo och, dass et dat
gëtt. Voilà. Mir kënnen awer net doriwwer erausgoen. An dat huet eis och e Jurist nach eng Kéier
bestätegt, dass mer do eis Limitten hunn, och wa mer
dat wollte wëssen.
Wéi gesot, et loung net um Wëllen, dass mer et net
wollte wëssen. Mir hunn et probéiert. De gesetzleche
Kader huet eis et net erlaabt, méi wäit ze goen an dëser Affär. An ech mengen, Dir krut den Audit effektiv jo ausgedeelt. Dir hutt gesinn, do si jo och Saachen dran, do si jo och Saachen dokumentéiert, wéi eng
Firmen do sinn an och wéi eng Franchisen. Dat ass jo
alles dokumentéiert an deem Fall. Natierlech, déi Finanzfluxen tëschent de Firmen, déi iwwert de Kader
erausgi vun der SuperDrecksKëscht an der O.S.L. selwer, konnte mer natierlech net iwwerpréiwen, well et definitiv doriwwer erausgeet. Voilà!
Ech weess net, ob ech all d’Froe beäntwert hunn, mee
am Moment kann ech net méi dozou soen.

M. Sven Clement (Piraten) | Dat sinn déi bekannt
Fënsteren, déi se opgerappt hunn.M. Sven Clement (Piraten) | Dat ass profitabel.

M. Sven Clement (Piraten) | Jo. Wierklech bei allem
Respekt virun der Madamm Ministesch, mee d’Verfassung, déi al wéi déi nei, huet eng kloer Gewaltentrennung.
Une voix | Très bien!
M. Sven Clement (Piraten) | An dat ass: d’Exekutiv
ass d’Exekutiv an de Legislateur, mir heibannen, mir
60 – an dat ass wierklech en Appell un déi 31 och op där anerer Säit – si fir de Contrôle vun der Exekutiv an
hirer Aktioun responsabel.
A bei allem Respekt: Wann d’Exekutiv seet, se kontrolléiert sech selwer, an Dir 31 stëmmt dat mat, ma dat
weist, datt d’Gewaltentrennung hei zu Lëtzebuerg net
dat wäert ass, iwwert dat mir heibannen diskutéieren!
Ech …
(Brouhaha)
Ganz, ganz éierlech, wann dat doten …
Une voix | Ech fannen dat guer net …
M. Sven Clement (Piraten) | … de Fin mot ass, datt
d’Exekutiv an der Chamber seet: „Mir kontrolléieren
eis selwer“, an domadder fir d’Majoritéit eng Enquêtëkommissioun, déi ënnert där neier Verfassung
méiglech wär, vum Dësch ass, mee da komm ni méi
een …, da musse mer ni méi Contrôle parlementaire
maachen! Da musse mer ni méi doriwwer schwätzen!
Da musse mer ni méi iwwer Enquêtëkommissioune
schwätzen! Well wann d’Versprieche vun der Regierung duergeet, datt se seet: „Mir kontrolléieren eis
elo selwer. Wannechgelift, léif Chamber, vertraut eis
doranner“, …
(Interruptions)
… dann, ganz éierlech, hu mer d’Gewaltentrennung
wierklech net verstanen, an dat deet mer wierklech
leed. Ech hat gehofft, mir hätten hei e Rechtsstaat,
an an engem Rechtsstaat gëtt et Gewaltentrennung.
An do soll eng Chamber dann och hire Rôle spillen an
d’Regierung hiren. An dat ass eeben: D’Chamber kontrolléiert d’Exekutiv!
Wa mer dat net wëllen, bon, dont acte.

M. Sven Clement (Piraten) | Ech gouf direkt vum
Här Kersch ugeschwat, dofir muss ech awer dorop
reagéieren. Den Här Kersch huet dat ganz richteg
zitéiert, datt mir an enger Motioun d’Regierung zu
eppes opfuerderen. A genau dat ass de Rôle vun der
Chamber!
Ech weess, den Här Kersch war laang Zäit op där anerer Säit vun deene Pouvoiren. Dofir, do ass dat vläicht
heiansdo lästeg, wann den éischte Pouvoir sech tatsächlech daignéiert, dem zweete Pouvoir e Wonsch
ze kommunizéieren. Mee dat ass eeben dat, wat eng
Motioun ass. Dat ass eisen Outil.
A genau deen hu mer benotzt an d’Deputéiertechamber invitéiert d’Regierung, eppes ze maachen. An d’Majoritéit huet fonnt, datt d’Deputéiertechamber dat net vun der Regierung wéilt hunn. Elo dann ze soen: „Mee se maachen dat jo“. Dat ass et net, well
ech mengen, mir hunn e ganz aneren Audit gefrot
wéi dat, wat d’Madamm Ministesch eis hei elo grad
erzielt huet.
Nach eng Kéier, bei allem Respekt: Ech gleewen Iech,
datt Der dat wëllt opklären. Ech denke just net, datt
dee Rapport oder deen Audit géif erauskommen, dee
mir eis géifen erwaarden, nämlech en internationalen Audit vum Grupp O.S.L., dee géif beweisen, wou déi Suen hikomm sinn.
Wéi een, wann een als Haaptclient de Staat huet,
kann 1,5 Milliounen d’Joer Dividenden ausbezuelen,
dat ass eng Fro, déi mech ganz staark interesséiert.
Wéi et ka sinn, datt um Ministère eng Konventioun
mat Ecotrel ASBL gemaach gëtt, wou drasteet, datt
Ecotrel ASBL, fir hir Lizenz ze kréien, fir eng Konventioun ze kréien, muss Member an der SuperDrecksKëscht fir Betriber ginn, muss hir Frigoen iwwert d’SuperDrecksKëscht vu Betriber da schécken, fir se
recycléieren ze loossen, wou dann awer hannendrun
O.S.L. net de Recyclage selwer mécht, mee soustraitéiert un d’SEG GmbH, wat komescherweis eng Firma
ass, déi zum Konglomerat vum Här Walter gehéiert,
déi net oppegeluecht gouf als Soustraitant wärend
der Ausschreiwung.
Also, alles dat si Saachen, wou ech mer erwaarde
géif, datt mer en Audit no internationalen Norme
vum Firmegrupp O.S.L. géife maachen.
Ech hunn Akt geholl, datt d’Majoritéit dat net wollt.
Sou! Elo ass deen nächsten Outil, deen d’Chamber zur
Verfügung huet, fir dat opzeklären, d’Enquêtëkommissioun. Dat ass deen nächste Schrëtt. A wéi den
Här Roth dat virdru genau richteg gesot huet, ass dat
och net, fir hei méi laang driwwer ze diskutéieren. Et
ass … Mir haten eng aner Propos gemaach, déi méi
séier gewiescht wier. Mir haten eng Propos gemaach,
déi onpolitesch gewiescht wier. D’Enquêtëkommissioun ass scho méi politesch.
(Interruption)
An ech ginn der Madamm Polfer absolutt Recht: Deen
nächste Schrëtt ass natierlech … No allem, wat mer
hei gesot hunn, kënnt Der Iech jo net virstellen, datt
mir zwee hei sëtzen a Saache kommentéieren, Saachen, déi mer am Dossier fonnt hunn, kommentéieren an net den nächste logesche Schrëtt maachen
an den Artikel 23 (2) invoquéieren, wann de Parquet
sech net zwëschenzäitlech – well déi heiten Diskussioun leeft jo awer schonn e puer Wochen – autosaiséiert huet.
Wou ech mer och ënner menger ganzer Immunité
parlementaire – dann däerf ech dat och emol eng
Kéier soen – d’Fro stellen, firwat e sech mat allem,
wat an der Press scho stoung iwwert den Här Walter
an iwwert den Här Schmit, net scho selwer saiséiert
huet.
(Interruptions)
Dofir, et ka jo sinn, datt e sech selwer saiséiert huet.
Ech sinn net „dans le secret des dieux“. Dat ass eeben
och Gewaltentrennung.
Also, maacht Iech keng Suergen, mir wäerten dat
schonn invoquéieren.

Zesummenhang posts

D’Regierung well méi bauen a méi séier bauen an huet dofir d’lescht Joer am Juni verschidde Moossnahmen ugekënnegt, dorënner den nouveau partenariat public-privé (PPP)
Iwwert 5.000 Persoune schaffe bei den CFL mam Zil, fir Lëtzebuerg um Rullen ze halen. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°949 hat
Op Social Media ass ee Post ze gesinn, op deem eng Awunnerin zu Luerenzweiler op d’Situatioun der Zuchbarrière an der Rue de l’Alzette opmierksam