7748 – Projet de loi modifiant la loi du 22 mai 2009 relative à l’Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte et à la Loterie Nationale

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir begréissen dëse Projet de loi, esou wéi dat, mengen ech, queesch duerch d’Bänk gemaach gëtt, well d’Oeuvre leescht um Terrain wichteg Aufgaben. Dorënner, an et gouf scho gesot an engem exzellente Rapport vun der Simone Beissel, am sozialen an am philanthropesche Beräich. An ouni d’Oeuvre géife mer heiansdo domm aus der Wäsch kucken.

Et ass natierlech ëmmer e bëssen e Geschmäckle der- bäi, aus wat fir enger Source déi Suen hierkommen. Et däerf een net vergiessen, datt awer mat engem Vice u sech Sue gemaach ginn, déi awer duerno, an dat ass, mengen ech, de Virdeel vun der Oeuvre, engem gudden Zweck zoukommen.

D’Schafe vun deenen neien Direktiounsstrukture wäert der Oeuvre dobäi d’Méiglechkeet ginn, hir Missioun weiderhin an hoffentlech besser ze

exekutéieren. Mir wäerten dofir als Piraten dëst Ge- setz matstëmmen. Net ouni awer nach eng Kéier drop hinzeweisen, datt och dat heite Gesetz erëm eng Ex-post-Legaliséierung vun u sech enger Struktur ass, déi d’Gesetz net virgesinn huet. A mir géifen eis wierklech wënschen, dass d’Regierung do eng Kéier géif e kompletten Inventaire maache vun all deenen Administratiounen oder Etablissement-publicken, déi haut anescht funktionéieren, wéi hir Gesetzer dat vir- gesinn, an dann an engem Block och géif dat an d’Rei bréngen.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt