De Service national de Neonatologie am Centre Hospitalier de Luxembourg (CHL) ass déi eenzeg Struktur hei am Land, déi Fréigebuerten ab der 24. Schwangerschaftswoch medezinesch versuerge kann. Schonn am Juli 2021 gouf an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro confirméiert, datt déi 16 verfügbar Intensiv-Better net ëmmer duerginn a virgesi wier, d’Kapazitéit ëm 6 zousätzlech Better ze erweideren. Aktuell Berichter weisen awer drop hin, datt d’Situatioun nach ëmmer ugespaant ass, mat engem Taux d’occupation vun dacks iwwer 90 Prozent, wat reegelméisseg zu Transferten an d’Ausland féiert. Dës Situatioun ass besonnesch bedenklech am Kontext vun der demographescher Entwécklung vu Lëtzebuerg. D’Zuel u Residenten ass an de leschte Jore staark gewuess, an och wann d’Gebuertstaux variéieren, bleift de Besoin un enger performanter perinataler Infrastruktur héich. Et stellt sech d’Fro, ob déi aktuell Kapazitéiten – déi zanter Joren op 16 Better stagnéieren – iwwerhaapt nach mat der realer Bevëlkerungsentwécklung an de projezéierte Gebuertenzuelen am Aklang stinn. Wann d’Infrastruktur net proportional zur Bevëlkerung matwiisst, riskéiert de systeemesche Mangel u Plazen zum Dauerzoustand ze ginn, mat schwéiere Konsequenze fir déi betraffe Familljen, déi dacks net zäitno aus dem Ausland kënne rapatriéiert ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wat ass den aktuelle Stand vun deem 2021 ugekënnegte Projet, fir d’Kapazitéit vun der Neonatologie am CHL ëm 6 Better opzestocken, a firwat ass dës Erweiderung bis haut nach net effektiv ëmgesat ginn?
Ass de Ministère der Opfaassung, datt déi aktuell Zuel vu 16 Intensiv-Better (Niveau 3) ugesiichts vum konstante Bevëlkerungswuesstem an de leschte Joren nach dem reelle Bedarf vum Land entsprécht?
Gëtt et eng Etüd oder Projektioun, déi de Besoin un Neonatologie-Better a Relatioun zur demographescher Entwécklung fir déi nächst 10 Joer analyséiert?
Wéi vill Transferten (in utero a post-partum) hu missten zanter 2022 wéinst Manktem u Plaz an d’Ausland (z.B. Tréier, Nanzeg, Léck) realiséiert ginn?
Wéi oft koum et an de leschte 24 Méint vir, datt Kanner, déi am Ausland op d’Welt koumen, net konnten an de CHL rapatriéiert ginn, obwuel hire medezineschen Zoustand et erlaabt hätt, well keng Better fräi waren?
Wéi vill Better vum Niveau 3 (intensiv Neonatologie) si konkret an de Pläng vum “Nouveau Bâtiment Centre” (CHL) a vum “Südspidol” virgesinn, a representéiert dëst eng Netto-Erhéijung par Rapport zur aktueller Kapazitéit?
QP Nummer 3343