Zoustand vun eiser Ëmwelt (Biedem a Waasser)

D’Qualitéit vun eiser Ëmwelt huet sech an de leschte Joerzéngte verschlechtert. Der leschter Editioun vum “Le Luxembourg en chiffres 2025” vum STATEC no, si just nach 15% vun eise Beem an engem gesonden Zoustand. Op ville Plaze sinn eis Gewässer an eis Biedem mat ville Produkter belaascht, déi aus de wirtschaftlechen a sozialen Aktivitéite vum Mënsch entstinn, wéi zum Beispill Mikroplastik, PFAS, Pestiziden, Ammoniak a Villes méi. Lëtzebuerg steet do natierlech net eleng: et ass eng global Erausfuerderung, eise System nohalteg ëmzestellen, sou dass och eis Kanner an engem gesonden Ëmfeld kënnen opwuessen. Um europäeschen Niveau versicht een duerch eng Unzuel u Reegelen, dorënner d’EU-Waasserschutzdirektiv, fir Verbesserungen ze suergen. Ee groussen Hiewel fir eis Ëmwelt ze verbesseren ass d’Präventioun vun der Verknaschtung vun eise Biedem a Gewässer. Mee och den Traitement vun eisem Ofwaasser spillt eng Schlësselroll, mam Ausbau an der Verbesserung vun eise Kläranlagen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Kläranlagen hei am Land, souwéi an der noer Grenzregioun rengegen d’Ofwässer, déi aus industriellen Aktivitéite kommen?

  2. Wéi héich ass d’Belaaschtung vun eise Biedem an Gewässer duerch Mikroplastik, PFAS (Phosphonsäiren) a Glyphosat? Kann de Minister des Wäerter opschlësselen • fir déi verschidde Fléissgewässer zu Lëtzebuerg? • fir d’Joren 2015, 2020 an 2025?

  3. Glyphosat bilt sech ëmmer méi wéinst den anticalcaire Puddere fir Spull- a Wäschmaschinnen. (Source: https://www.chemie.de/news/1186259/glyphosat-kann-aus-waschmittelzusaetzen-entstehen.html) Gëtt des Observatioun och zu Lëtzebuerg gemaach?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2919

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene