Zougrëff op perséinlech Donnéeën duerch Verwaltungen

De Bierger kann op myguichet.lu noverfollegen, wéi eng Verwaltungen an deene leschte 6 Méint op seng perséinlech Donnéeën zeréckgegraff hunn (festgehalen am ofgeännerte Gesetz vum 19te Juni 2013). Duerch d’Logfilen ass och gewosst, wie beim Staat zu wéi engem Zäitpunkt op d’Donnéeën zeréckgräift, allerdéngs ass dës Informatioun net fir d’Bierger:innen visibel an et weess een och net, wéi oft eng Verwaltung op dës Donnéeën zeréckgegraff huet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Existéieren intern Kontrollinstrumenter oder Warnungen, déi op abusiivt oder anormaalt Verhalen an de Verwaltungen opmierksam maachen, wann ee Beamten iwwerduerchschnëttlech vill op Donnéeën zeréckgräift?

  2. Firwat kréien d’Bierger net proaktiv automatesch eng Pushnoochricht iwwert myguichet, wa Verwaltunge perséinlech Informatiounen iwwert si nosichen? 

  3. Wäert d’Regierung den Delai vu 6 Méint eropsetzen? Falls nee, wat schwätzt dogéint?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3030

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene