D’Plattform heise online hat an engem Artikel den 30ten August gemellt, dass et um Noriichtendéngscht WhatsApp eng Sécherheetslück gouf, iwwert déi op Apple-Apparater Spyware konnt installéiert ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Hunn d’Regierungsmembere fir hir Kommunikatiounen ënnerteneen oder bannent vun hire Ministèrë Whatsapp op Apple-Apparater genotzt?
-
Besteht de Risiko, dass Spyware op engem Apparat vun der Regierung installéiert gouf? Falls nee, wéi kann dëst ausgeschloss ginn?
QP Nummer 2897
A menger Fro n°2897 hat ech eng Sécherheetslück op Whatsapp am Summer thematiséiert, déi déi op Apple-Apparater Spyware fonnt gouf an iwwert déi d’Telefone konnten ausspionéiert ginn.
D’Regierung huet net kloer op meng Fro geäntwert, ob da lo Ministere Whatsapp an deem Zäitraum benotzt hunn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
- Hunn Regierungsmembere Whatsapp op hiren Apple-Apparater installéiert?
- Benotzen d’Regierungsmembere fir hir Kommunikatiounen ënnerteneen oder bannent hirem Ministèrë Whatsapp op Apple-Apparater?
QP Nummer 3102