Werbebildschiermer nieft de Stroossen

Een Artikel am Tageblatt vum 27ten Oktober thematiséiert d’Opstelle vu grousse Werbebildschiermer an de Sécherheetsrisiko, deen domadder fir Automobilisten am Stroosseverkéier anhirgeet. Rezent gouf mam Bau vum GridX zu Steebrécken esou eng Werbetafel opgestallt. “Es ist fast unmöglich, beim Vorbeifahren nicht auf den Screen zu schauen. Auf Tageblatt-Nachfrage, ob das die Fahrer ablenkt, lautet die Antwort der Straßenverwaltung schlicht: „Nein.“ […] Neben der Autobahn ist das nicht nur potenziell gefährlich, sondern schadet auch dem Landschaftsbild – und ist eine weitere Quelle der Lichtverschmutzung.” Verschidde Gemengen hunn d’Opstelle vun esou Bildschiermer an der Vergangenheet verbueden, grad aus Grënn vun der Verkéierssécherheet, an et schéngt deemno keng eenheetlech national Reegelung ugewannt ze ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Dierf egal wien op sengem Terrain eng Werbetafel opstellen? 

  2. A wéi enge Situatioune ka Ponts et Chaussées d’Opstelle vu Werbetafele verbidden? 

  3. Ab wéini bewäert d’Ponts et Chaussées, dass d’Sécherheet fir de Stroosseverkéier duerch eng Werbetafel beanträchtegt ass?

  4. A wéi enge Situatioune kënnen d’Gemengen d’Opstelle vu Werbetafele verbidden? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3117

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene