Arrêt fir de GridX

A menge virege parlamentaresche Froen n°1714 an 1889 wollt ech méi doriwwer wëssen, wéi et méiglech ass, dass de Grupp Giorgetti, direkt nieft hirem Groussprojet GridX zu Féiz, d’Autobunnsopfaart baut a firwat op dëser Plaz do ee weideren Tram-Arrêt entstoe soll. Ënnert der vireger Regierung war dësen Arrêt net a Fro komm, wéi Virgule.lu an engem Artikel vum 14te November 2024 beriicht hat:

“L’idée d’une station de tram à Pontpierre ne faisait pas partie du projet initial: cette option avait notamment été écartée par l’ancien ministre de la Mobilité, François Bausch (déi Gréng), quand il était en fonction. Mais un revirement de situation semble avoir été opéré ces derniers mois en raison «d’un gros potentiel» et «d’une forte demande à venir», précise le ministère, qui met en avant les nombreux emplois liés à GRIDX ou encore l’organisation d’événements dans le futur complexe.”

Op enger Pressekonferenz de Méindeg huet d’Mobilitéitsministesch nei Annoncen zur Infrastruktur ronderëm de GridX gemaach. Wéi d’WORT an engem weideren Artikel vum 13ten Oktober beriicht:
“Neu ist, dass die jüngst angedachte Haltestelle in Steinbrücken nun in Wickringen direkt am neuen Zentrum GridX entstehen soll. Auch wird die Haltestelle Leudelingen nicht wie anfangs geplant östlich der Autobahn entstehen, sondern westlich, näher an der Industriezone.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert eng Firma vum Grupp Giorgetti och den Tram-Arrêt hei bauen?

  2. Goufen et, am Virfeld vun der Annonce vun der Ministesch, Treffen tëschent Regierungsvertrieder oder Staatsbeamten a Vertrieder, Actionnairen oder Interessevertrieder vum Grupp Giorgetti?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3046

Source Image: virgule.lu

https://www.virgule.lu/luxembourg/nouveau-trace-dates…-tout-savoir-sur-le-tram-rapide-entre-la-cloche-d-or-et-belvaux/97105883.html

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene