Waardezäiten am Contrôle technique bei der SNCT

De Contrôle technique vu sengem privaten an/oder beruffleche Gefier gehéiert zu dem Verkéiersaldag zu Lëtzebuerg. Déi ënnerschiddlech Sitte vun der SNCT an SNCA ginn dagdeeglech vill besicht an dorops opbauend versicht d’SNCT hire Service um Client och beschtméiglech ze verbesseren. No 2016 ass de Präis vum Contrôle technique och 2019 nach eng Kéier däitlech an d’Luucht gaangen. Et ginn, ausserhalb vun den Immatrikulatiounen, awer wéineg Statistiken, déi iwwert déi lescht 5 Joer weisen, a wéi eng Richtung déi ënnerschiddlech Entwécklunge ginn. D’Periodicitéit an eng méiglech Ännerung vun dëser duerch och dat verstäerkt Opkommen vun Elektroauten sinn och schonns vu mir an enger anerer parlamentarescher Fro thematiséiert ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Iwwert déi lescht 5 Joer gekuckt, wéi huet sech d’Waardezäit bei engem Contrôle technique initial (dat heescht keen zweete Rendez-vous nodeems ee beim éischte Rendez-vous dat betreffend Gefier net autoriséiert huet) entwéckelt ? 

  2. Iwwert déi lescht 5 Joer gekuckt, wéi huet sech d’Proportioun vun de Gefierer entwéckelt, déi beim éischte Rendez-vous rejetéiert ginn ? 

  3. Sinn d’Krittäre vun de Kontrollen, déi beim Contrôle technique duerchgefouert ginn, an de leschte 5 Joer adaptéiert ginn ? Falls jo, wat ass hei geännert ginn ? 

  4. Sinn weider Augmentatioune bei den Tariffer an den nächsten 3 Joer geplangt ? Falls jo, wéini sollen dës ufalen ? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3696

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene