Vitesslimitatioun

Lëtzebuerg huet aktuell op sengen Autobunnen an den Tunnellen insgesamt 3 Streckeradaren, alleguerten op der A7. Normalerweis ass déi bestoend Vitesslimitatioun vun 90 Stonnekilometer anzehalen, déi bei Bedarf awer och op 70 zum Beispill kann erofgesat ginn. Tëschent den 3 Tunnellen, déi vun de betreffende Radaren iwwerwaacht ginn, ass zum Deel och eng aner Geschwindegkeet erlaabt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn et Etuden déi beleeën, dass eng méi héich Vitesse-Limitatioun an de betreffenden Tunnellen aus Sécherheetsgrënn net ze recommandéieren ass ? 

  2. Ginn et beim Ministère Iwwerleeungen déi eng Adaptéierung vun dëser Vitesse-Limitatioun an den 3 betreffenden Tunnellen, mee och allgemeng do wou et méiglech ass an allen aneren Autobunnstunnellen, virgesinn (sief et no ënnen oder no uewen)? Falls net, aus wéi enge Grënn gëtt esou eppes net envisagéiert ?  

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2792

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene