D’Regierung huet mat “Luxchat” eng national Messagerie-Léisung lancéiert, déi explizit als sécher, souverän a privatsphärefrëndlech Alternativ zu den US-Tech-Gigante vermaart gëtt. An den offiziellen Dokumenter an an der FAQ vu Luxchat gëtt ënnerstrach, dass d’Applikatioun op enger “Chiffrement de bout-en-bout” (E2EE) Technologie baséiert an dass “absolut keen aneren ausser Iech an déi Persounen, mat deenen Dir kommunizéiert”, d’Messagen oder d’Fichiere liese kann. Et gëtt garantéiert, dass weder d’Prestatairen nach soss iergendeen Zougrëff op d’Inhalter huet. D’Servicer gi gratis ugebueden, ouni Publicitéit an ouni d’Notzung vu perséinlechen Donnéeën.
No rezenten Informatiounen huet Lëtzebuerg awer de 26. November 2025 am COREPER fir en neit EU-Mandat zur “Chatkontroll” gestëmmt, dat de Wee fir eng sougenannt “Uploadmoderation” (Client-Side Scanning) fräimécht. Dës Technologie gesäit vir, dass Inhalter direkt um Apparat vum Notzer gescannt ginn, éier se verschlësselt a verschéckt ginn. Dëst stëllt e fundamentalen techneschen a philosophesche Widdersproch zu de Versprieche vu Luxchat duer: Eng Applikatioun kann net gläichzäiteg garantéieren, dass “kee Mënsch matliest” an awer en automatiséierte Scann-Mechanismus integréieren, deen Inhalter analyséiert an u Drëttparteie mellt. Do dernieft setzt Luxchat op de “LuxID” fir d’Umeldung, wat a Kombinatioun mat enger méiglecher Scan-Flicht Froen zur totaler Iwwerwaachung vun de Bierger opwerft.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Kann d’Regierung bestätegen, dass de Lëtzebuerger “Jo”-Vote zur Chatkontroll och implizéiert, dass national Servicer wéi Luxchat an Zukunft ënnert d’Flicht fale kéinten, eng “fräiwëlleg” oder obligatoresch Uploadmoderatioun (Scanning) anzeféieren?
-
Wéi ass d’Aféierung vun enger Scann-Software (Client-Side Scanning) technesch mat der Garantie vu Luxchat vereenbar, dass “absolut keen aneren” d’Messagë liese kann, a misst dës Garantie an den “Conditions d’utilisation” net widderruff ginn?
-
Well Luxchat a Luxchat4Gov (fir Staatsbeamten) interoperabel sinn an um selwechte Sécherheetsniveau funktionéieren, wäert d’Regierung och d’Kommunikatioune vun de Staatsbeamten an der Regierung selwer scanne loossen, oder gëtt hei eng Ausnam gemaach, déi fir den normale Bierger net gëllt?
-
D’Gestioun vu Luxchat ass op verschidde privat Prestatairen (LU-CIX, Mixvoip, etc.) verdeelt; wäerten dës Lëtzebuerger Betriber gezwonge ginn, Iwwerwaachungssoftware an hir Infrastrukturen ze integréieren, a wéi eng Käschten entstinn doduerch fir de Staat, deen de Service aktuell gratis ubitt?
-
Gesäit d’Regierung duerch dës Positioun net d’Glafwierdegkeet an d’Akzeptanz vu Luxchat als “souverän” a “vertrauenswierdeg” Léisung a Gefor, wann d’Grondversprieche vun der Vertraulechkeet duerch d’EU-Regulatioun ausgehielegt gëtt?
QP Nummer 3282