verknaschten Drénkwaasser zu Stroossen

Virun net all ze laanger Zäit gouf et zu Stengefort 9 Fäll, wou Leit an der Gemeng duerch Legionelle krank gi sinn. Ënnert de Persounen déi krank gi waren, waren och besonnesch vulnerabel Leit aus dem Hôpital intercommunal. Laut dem aktuellsten Artikel vum Lëtzebuerger Wort vum 4ten August 2025 goufen an den Analyse vum kale Waasser keng Réckstänn vun de Bakterie fonnt, d’Analyse vun de Prouwe vum Waarmwaasser waren zu deem Moment awer nach net ofgeschloss. Zënter e Freide soll an der Gemeng Stroossen d’Krunnewaasser kontaminéiert si mat Bakterie vu fäkalem Ursprong. Dowéinst soll d’Krunnewaasser de Moment net consomméiert ginn oder virdru wärend mindestens 10 Minutten ofgekacht ginn. Laut rezente Presseartikele sollen um Méinden nei Prouwen analyséiert ginn, fir ze kucken, op d’Waasser weiderhi verknascht ass. D’Resultater vun dësen Analyse géifen awer fréistens am Laf vum Dag oder souguer réischt Dënschdes virleien. Um Terrain vun der Gemeng Stroossen befannen sech ënnert anerem och méi Crèchen an eng generell Ënnerbréngungsstruktur. Et gouf un eis erugedroe, dass um Méinde verschidde Crèchen an der Gemeng awer net doriwwer informéiert waren, dass si kee Krunnewaasser benotzen dierfen. Waasser ass awer net nëmmen e wichteg Grondliewensmëttel, mee och besonnesch wichteg wat d’Hygiène ugeet. Am Fall vun zum Beispill enger Kontaminatioun mat E. Coli-Bakterie kann esouguer een einfache Geste wéi d’Hänn wäschen zur Verbreedung vun de Bakterie bäidroen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat brauchen Analyse vum Drénkwaasser hei am Land esou laang fir ausgewäert ze ginn, besonnesch wann een d’Wichtegkeet vum Accès zu propperem Drénkwaasser bedenkt?

  2. Firwat gëtt hei net méi oppen a séier vu Säite vun enger betraffener Gemeng kommunizéiert, besonnesch mat de Betreiungsstrukturen, wou besonnesch vulnerabel Mënsche betreit ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2874

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene