Verantwortung vum Inneministère beim TICE

D’Gewerkschaft FGFC huet op hirem Protestpiquet vum 19te September op Mëssstänn beim TICE opmierksam wollte maachen. Et goufe vill Virwërf géint d’Personalmanagement vum TICE an d’Ambiance beim Gemengesyndikat schéngt fir vill Employéeën un engem Déifpunkt ugelaangt ze sinn.
D’FGFC informéiert, dass Decisioune géint Employéeë geholl goufen, déi géint Gesetzer géife verstoussen. An deem Kontext hat d’FGFC och den Inneministère eng 7 Bréiwer geschriwwen, wouvunner awer bis haut nach keen Eenzege beäntwert gouf.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert den Inneminister op d’Bréiwer vun der FGFC äntweren? 

  2. Den Inneminister hat an der Äntwert op meng Fro n°2543 geschriwwen:
    “Ech erënneren drun, dass d’Gestioun vum Personal eng exklusiv Kompetenz vum Bureau vum Gemengesyndikat ass a senger eegener Responsabilitéit ënnerläit.”

Wéi ee Roll spillt den Inneministère, als Autorité de Tutelle vun de Gemengen, bei der Kontroll vun den Aktivitéite vu Gemengesyndikater an Decisioune vu Gemengen, déi d’Gemengesyndikater betreffen?

3. Wäert den Inneminister dofir suergen, dass d’Delegéiert vun den onofhängeg gewielte Personaldelegatiounen d’Rechter vun hirem Mandat kënnen ausüben?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2921

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene