Unerkennungsproblemer vun auslännesche Beruffsqualifikatiounenam Gesondheetsberäich

An deene leschte Joren hunn ech e puer Mol parlamentaresch Froen iwwert d’Unerkennungsproblemer vun auslännesche Beruffsqualifikatiounen gestallt. An menger Fro N°2072 vum 11. Mäerz 2025 iwwert d’Unerkennung vu Beruffsqualifikatiounen aus Drëttlänner am Gesondheetsberäich hunn d’Ministerinne fir Fuerschung a Gesondheet geäntwert, dass Lëtzebuerg e “grousse Schrëtt méi wäit” geet wéi d’EU-Direktiv, andeems et d’Unerkennung vun Drëttstaatlerqualifikatiounen “quasi identesch mat deenen aus EU Länner handhaabt”. Dëst war e Fortschrëtt par Rapport zur Äntwert vun der Ministesch fir Gesondheet an hirer Äntwert op meng Fro N°7328 vum 6. Dezember 2022 iwwert d’Delaie vum Traitement vun Autorisatioune, wou si confirméiert, datt séier Prozeduren net ëmmer garantéiert sinn. An menger Fro N°8056 vum 2. Juni 2023 iwwert d’Unerkennung vun auslänneschen Héichschouldiplomer huet de Minister Claude Meisch preziséiert, dass den taux de refus tëschent 5,3% a 6,2% pro Joer läit, mee d’Krittäre fir dës Entscheedunge bloufen intransparent.

Elo weist een neie Fall, deen an der Presse publik gouf, datt d’Unerkennungsprozeduren nach ëmmer net kohärent applizéiert ginn. Eng Pharmacienne-biologiste, déi aacht Joer laang an engem vun de gréisste Spideeler zu Paräis geschafft huet, krut hir Autorisatioun ze schaffe refuséiert, well hir éischt Ausbildung an Nordafrika net unerkannt gouf, och wann si hir Spezialisatioun zu Paräis gemaach huet. Dëst obwuel aner Professioneller a der selwechter oder enger änlecher Situatioun hir Autorisatioune kritt hunn. D’betreffend Persoun huet souguer gemellt, datt si d’Informatioun iwwer hire Refus “en échangeant avec quelqu’un qui connaît une personne au ministère de la Santé” gewuer gouf, wat op Intransparenz an der Kommunikatioun weist.

Dëst weist datt meng fréier Froen nach ëmmer net adequat adresséiert goufen. Grad an Zäiten, wou Lëtzebuerg ënnert Personalmangel am Gesondheetsberäich leit a gläichzäiteg Talenter aus dem Ausland ulackele wëll, sinn dës Inkohärenzen a Praktike problematesch an diskriminéierend. D’Integritéit an d’Transparenz vum Unerkennungsprozess stinn um Spill, wa gläich qualifizéiert Professioneller verschidde Behandlunge kréien. Trotzdeem datt d’Ministeren an hire fréieren Äntwerten d’Egalitéit vum Traitement betounen, weist dëse Fall, dass d’Realitéit nach ëmmer net den Uspréch entsprécht.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Demandë fir Autorisatioune fir am Gesondheetsberäich ze schaffe ginn all Joer refuséiert an aus wéi enge Grënn? Wat ass d’Opdeelung tëschent EU- a Net-EU-Diplomer? Wéi vill Demandë ginn all Joers agereecht?

  2. Ginn et intern Richtlinnen oder Krittären, déi festleeën, wéi ee bestëmmt, ob zwee änlech Fäll ënnerschiddlech behandelt gi sollen? Wéi gëtt d’Kohärenz an den Decisioune garantéiert?

  3. Wéi kann de Ministère garantéieren, dass all Demandeure mat änleche Profiller gläich behandelt ginn, onofhängeg vu Geschlecht, Nationalitéit oder Ursprong vun der Formatioun?

  4. Wéi eng Mesurë sinn a Plaz, fir ze verhënneren, dass d’Decisiounen individuell geholl ginn, wéi et an der Presse beschriwwe gouf?

  5. Plangt de Ministère, d’Transparenz ze erhéijen andeems et eng ëffentlech Lëscht vun unerkannten Héichschoulen a Programmer publizéiert, souwéi déi konkret Krittären, déi bei der Evaluatioun applizéiert ginn?

  6. Wéi eng Informatioune kritt een Demandeur wann seng Demande refuséiert gëtt? Gëtt et eng detailléiert Begrënnung mat konkrete Schrëtt, déi hien/si ka maachen, fir d’Situatioun ze verbesseren?

  7. Wéi vill Leit mat Gesondheetsdiplomer aus Net-EU-Länner sinn aktuell bei der ADEM ageschriwwen, well si net kënnen hir Qualifikatiounen unerkenne loossen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2817

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene