Laut engem rezente Mediebericht gëtt zu Lëtzebuerg, dräi Joer nom Ufank vum Krich an der Ukrain, ëmmer nach russescht Gas verbraucht. D’Entreprise Enovos/Encevo huet transparent matgedeelt, datt si den Undeel vum russesche Gas am Gas-Mix, deen se verkafen, am Joer 2024 op 14 Prozent geschat hunn. D’Transparenz iwwer d’Hierkonft vum Gas ass awer soss éischter niddreg, well déi zoustänneg Autoritéite seelen Äntwerte liwweren oder op d’Statec-Tabell verweisen, déi fir 2023 keng Undeeler vu russeschem Gas méi ausweist, wuel well de Gas vum LNG-Import aus Nopeschlänner ouni Hierkonfts-Etikett gelabelt gett. D’Tageblatt schätzt, datt am Joer 2024 fir ongeféier 33 Milliounen Euro russescht Gas vu Lëtzebuerg aus kaaft gouf, wat bal d’Halschent vun de Lëtzebuerger Hëllefen un d’Ukrain ausmécht.
D’Entreprise Enovos/Encevo schätzt, datt den Undeel vu russeschem Gas an hirem Gas-Mix an der Period Oktober 2024 bis September 2025 op 5 Prozent gefall ass. Ee vun deenen zwee Haaptimportateuren zu Lëtzebuerg, Sudenergie, huet awer guer keng Äntwerten iwwer d’Hierkonft vum Gas geliwwert. Ugesiichts vun der weiderer Finanzéierung vun der russescher Krichsmaschinerie duerch d’Bezuelung fir de Gas a wéinst dem Interessi vum ëffentlechen/allgemenge Wuel, ass et wichteg, datt d’Regierung Transparenz iwwer d’Hierkonft vum Gas an d’finanziell Iwwerweisungen u Russland garantéiert.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi eng konkret Informatioune leien dem Ministère iwwer den Undeel vum russesche Gas am Lëtzebuerger Gas-Mix fir d’Joren 2024 an 2025 vir?
-
Wéi eng Schätzunge mécht de Ministère iwwer d’Gesamtbeträg, déi Lëtzebuerg zanter dem Start vun der Invasioun am Joer 2022 fir de Kaf vu russeschem Gas iwwer all Importweeër bezuelt huet?
-
Wéi eng Moossnamen iwwerleet de Ministère ze ergräifen, fir eng komplett Transparenz vun de Gasimportateuren iwwer d’Hierkonft vun hirem Gas ze garantéieren, besonnesch a Bezuch op LNG-Liwwerungen aus Nopeschlänner?
-
Wéi gesäit den detailléierte Plang vun der Regierung aus, fir d’Ofhängegkeet vu russesche fossille Brennstoffer sou séier wéi méiglech, wäit virun 2028, ze beendegen?
-
Wéi eng Konsequenze wäert de Ministère zéien, wa Gasimportateuren, déi zu Lëtzebuerg Gas verkafen, keng Äntwerten op d’Fro vun der Hierkonft vum Gas liwweren?
QP Nummer 3114