Transport vun Äsche mam Fliger

An der Press ass e Fall bekannt ginn, wou eng Famill, déi d’Äsche vun hirem verstuerwe Familljemember fir eng Bäisetzung an Island transportéiere wollt, um Fluchhafe Findel op erhieflech Schwieregkeete gestouss ass.
Trotz enger offizieller Bescheinegung vum Bestatter gouf d’Metall-Urne beim Check-in refuséiert, well se angeblech net duerch Röntgenstrale kéint kontrolléiere ginn. D’Famill huet doropshi fir den Dag duerno en neie Vol gebucht an d’Äschen an engem Kartong transportéiert – dës Kéier ouni Problemer.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat kann eng Airline eng offiziell Bescheinegung vum Bestatter net akzeptéiert, obwuel dës vun der Police akzeptéiert ginn ass?

  2. Sinn d’Sécherheetsvirschrëfte proportional a néideg, wann eng offiziell a préifbar Beschäinegung vun engem Pompe funèbres dobäi läit?

  3. Wéi ënnerscheeden sech d’Lëtzebuerger Reegele vun deenen an anere Länner?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3189

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene