Den EU-Reglement (EU) 2015/1998 leet déi gemeinsam Reegele fest fir de Transport vu Flëssegkeeten, Aerosolen a Gelen (LAGs) am Handgepäck. Dës Reegele gesi vir, datt Behälter vu maximal 100 ml an enger duerchsichteger, erëm-verschléissbarer Plastikstut mat enger Kapazitéit vu maximal 1 Liter transportéiert musse ginn. Dëst ass de Standard, deen uechter d’Europäesch Unioun gëllt an de Passagéier normalerweis bekannt ass. Et gouf eis awer zougedroen, datt um Lëtzebuerger Fluchhafen (Findel) eng méi restriktiv national Interpretatioun vun dëser Reegel ugewannt gëtt. Wéi aus der Äntwert vum Fluchhafebedreiwer (lux-airport) op eng Plainte vu Passagéier ervirgeet, gëtt eng zousätzlech Konditioun gestallt: “D’Zomm vun den zwou Säite vum Sak, vum Zipp ausgaangen, däerf net méi wéi 38 cm sinn. De Sak muss platt sinn, dat heescht ouni Déift, fir eng maximal Kapazitéit vun 1 Liter ze garantéieren.” Dës spezifesch “38 cm”-Reegel schéngt net am genannten EU-Reglement ze stoen, mee op eng Direktiv vun der Direction de l’aviation civile (DAC) zréckzegoen. D’Äntwert vum Fluchhafebedreiwer bleift vague a liwwert net déi präzis Referenz vun dëser DAC-Direktiv. Dës spezifesch Lëtzebuerger Reegel schéngt de Passagéier net proaktiv matgedeelt ze ginn an ass och op aneren europäesche Fluchhäfen onbekannt. Dëst féiert reegelméisseg zu Konfusioun, Frustratioun an zu Verspéidunge bei der Sécherheetskontroll, wann Tute refuséiert ginn, déi soss iwwerall an der EU konform sinn. Bedenklech ass donieft d’Ausso vu Sécherheetsbeamten um Findel, datt si dës DAC-Reegel de Passagéier net dierfte schrëftlech weisen (“D’DAC huet d’Reegel gemaach a mir dierfen Iech déi net ginn.”). Eng transparent Kommunikatioun ass awer essenziell, fir datt Bierger sech u Reegele kënnen halen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wat ass déi exakt Referenz (Datum an Titel) vun der DAC-Direktiv, déi d’Ufuerderung festleet, datt d’Zomm vun den zwou Säite vun der 1-Liter-Tut net méi wéi 38 cm däerf sinn an dës “platt” (ouni Déift) muss sinn?
Kann d’Ministesch den integralen Text vun dëser spezifescher DAC-Direktiv, op déi lux-airport sech bezitt, zur Verfügung stellen?
Ass et korrekt, datt d’Sécherheetspersonal um Fluchhafen d’Instruktioun huet, de Passagéier op Ufro déi schrëftlech DAC-Direktiv mat dëser Reegel net ze weisen, a wa jo, aus wéi engem Grond gëtt dës Transparenz refuséiert?
Firwat huet Lëtzebuerg (via d’DAC) eng méi restriktiv Definitioun vun 1-Liter-Behälter agefouert wéi déi, déi am EU-Reglement 2015/1998 virgesinn ass an an aneren EU-Länner ugewannt gëtt?
Wéi definéiert d’DAC e “Sak ouni Déift” (sac sans profondeur) a bedeit dat, datt gängeg erëm-verschléissbar Tute mat enger klenger Buedemfal (soufflet) um Findel net méi zougelooss sinn, obwuel si eng Kapazitéit vun 1 Liter oder manner hunn?
Wou genee gëtt dës spezifesch “38 cm”-Reegel an d’Definitioun vum “platte Sak” de Passagéier virun hirer Rees proaktiv an eendeiteg matgedeelt?
Wéi eng Positioun vertrëtt d’Regierung vis-à-vis vun der Europäescher Kommissioun, déi an all hire Kommunikatioune just vun 1 Liter ouni weider Konditioune schreift?
QP Nummer 3224