Toiletten an der Maison de Retour

Den 18te Mäerz 2025 hat ech den Inneminister an der Chamber op schlecht Infrastrukturen an d’Liewensbedingungen an der Maison de retour um Kierchbierg higewisen, besonnesch am Beräich fir Familljen a Kanner, wou mer bei der Visite mat der Chamberskommissioun den 12te Mäerz 2025 opgefall war. Ee Punkt war deemools d’Situatioun vun den Toiletten an de Wee fir op d’Toiletten, wou d’Leit a Kanner bei Reen oder Keelt ouni Iwwerdaachung op déi baussenzeg Toiletten zréckgräife mussen. An der Kommissiounssitzung vum 12ten November 2025 hat den Direkter vun der Maison de retour behaapt, d’Toilettë wieren iwwerdaacht, wat awer net dem entsprécht, wat ech selwer wärend der Visitt vun der Kommissioun observéiert hat a wat een och op de Satellittebiller gesäit.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Kann de Minister bestätegen, ob d’Toilettë fir Familljen a Kanner mëttlerweil iwwerdaacht sinn oder ob dës nach ëmmer am oppene Beräich leien? Falls se iwwerdaacht goufen, wéini gouf dëst verbessert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3193

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene