Rezent Berichter weisen drop hin, datt territoriell Liwwerbeschränkungen eng bedeitend Roll bei der Präisentwécklung an der EU spillen. Besonnesch kleng Länner wéi Lëtzebuerg an Éisträich si staark vun dëse Praktiken betraff, déi dozou féieren, datt Konsumenten dacks méi héich Präisser bezuele mussen am Verglach zu de grousse Nopeschlänner. Dës Liwwerbeschränkungen, déi vun internationalen Hiersteller opgeluecht ginn, féieren zu enger kënschtlecher Präiserhéijung an hunn domadder en direkten Impakt op d’Kafkraaft vun de Lëtzebuerger Bierger.
Wärend Éisträich elo schéngt aktiv géint dës Praktike virzegoen, stellt sech d’Fro, wéi eng Moossnamen d’Lëtzebuerger Regierung plangt, fir dësem Problem entgéintzewierken. Am Kontext vun der aktueller Inflatioun kéinten effektiv Mesurë géint territorial Liwwerbeschränkungen eng bedeitend Roll spillen, fir d’Präisser ze stabiliséieren an d’Kafkraaft vun de Bierger ze schützen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi schätzt den Här Minister den Impakt vun territoriale Liwwerbeschränkungen op d’Präisser zu Lëtzebuerg an, a wéi eng Produktkategorien sinn am meeschte betraff?
-
Huet d’Regierung oder de STATEC eng Analys duerchgefouert, déi de finanziellen Impakt vun dëse Praktiken op d’Lëtzebuerger Haushalter quantifizéiert?
-
Wéi eng konkret Moossnamen huet d’Regierung bis elo geholl oder plangt se ze huelen, fir géint dës territorial Liwwerbeschränkungen virzegoen?
-
Gëtt et eng Zesummenaarbecht mat aneren EU-Memberstaaten, besonnesch mat Éisträich, fir gemeinsam géint dës Praktike virzegoen?
-
Wéi eng Roll gesäit d’Regierung fir d’EU-Kommissioun an dësem Kontext, a wäert Lëtzebuerg sech op europäeschem Niveau fir eng méi streng Regulatioun vun dëse Praktiken asetzen?
QP Nummer 2865