syntheetesch Liewensmëttelfaarfstoffer a Moolzechten a Gedrénks an ëffentleche Schoulen

Den 28. September 2024 huet de Staat Kalifornien d’Gesetz “AB 2316” (The California School Food Safety Act) ugeholl. Dëst Gesetz verbitt vum 31. Dezember 2027 un d’Benotze vu bestëmmte syntheetesche Liewensmëttelfaarfstoffer a Moolzechten a Gedrénks, déi an den ëffentleche Schoulen ugebuede ginn. Dëst betrëfft ënner anerem d’Faarfstoffer Red 40, Yellow 5 a Yellow 6. Dës Decisioun baséiert op wëssenschaftleche Bedenken, datt dës Zousätz en negativen Impakt op d’Gesondheet vu Kanner kënnen hunn, beispillsweis duerch d’Fërdere vun Hyperaktivitéit.

An der Europäescher Unioun sinn dës Faarfstoffer zwar am Kader vum Reglement (EC) Nr. 1333/2008 erlaabt, mee fir en Deel vun hinnen (dorënner Red 40, Yellow 5 a Yellow 6) gëllt eng obligatoresch Warnung um Etikett: “Kann d’Aktivitéit an d’Opmierksamkeet bei Kanner beanträchtegen”. Dëst erkennt also ee potentielle Risiko un.

Et ass evident datt de Staat eng Verantwortung huet, fir responsabel anzekafen, besonnesch wann et ëm d’Ernärung an de Kantinne geet. D’Ernärung an der Schoul ass en zentrale Bestanddeel vun der Preventioun an dem Kannerwuel.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Regierung Informatioune ginn ob d’Liewensmëttelfaarfstoffer Red 40 (E129), Yellow 5 (E102), Yellow 6 (E110), Blue 1 (E133), Blue 2 (E132) a Green 3 (E143) aktuell a Liewensmëttel benotzt ginn, déi an de Kantinne vu Restopolis, de Grondschoulen an de Maisons Relais ugebuede ginn?

  2. Gëtt et en Tracking oder e Monitoring vun der Frequenz an der Quantitéit, an där dës spezifesch Faarfstoffer an de Moolzechten an am Gedrénks fir Kanner a Jugendlecher virkommen? Wann jo, kann d’Regierung dës Donnéeën zur Verfügung stellen?

  3. Wéi eng konkret Richtlinne gëllen aktuell an de cahiers des charges fir d’Fournisseure vu Schoulkantinnen am Bezuch op d’Benotze vu syntheeteschen Zousätz a Faarfstoffer?

  4. Wéi bewäert d’Regierung de potentielle Risiko vun dëse Faarfstoffer am Liicht vun der EU-Warnungspflicht? Ass d’Regierung der Meenung, datt Liewensmëttel mat esou enger Warnung an engem Schoul- a Betreiungsëmfeld iwwerhaapt solle Plaz hunn?

  5. Gesäit d’Regierung – nom Virbild vu Kalifornien an am Sënn vum Virsiichtsprinzip – Handlungsbedarf, fir d’Benotzung vun dëse spezifesche syntheetesche Faarfstoffer an de Moolzechten, déi ënner staatlecher Opsiicht u Kanner a Jugendlecher zerwéiert ginn, ze limitéieren oder komplett ze verbidden?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3026

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene