En eeschte Stroumausfall um Sender Diddeleng, dee wichteg UKW-Frequenze fir Lëtzebuerg (dorënner 88,9 MHz an 100,7 MHz) ausstraalt, huet den 29. September 2025 fir stonnelaang Ënnerbriechunge gesuergt, wéi aus Medieberichter ervirgaangen ass. D’Ursaach soll en defekten Noutstroumgenerator gewiescht sinn, deen no enger virausgaangener Stroumpann net ugesprongen ass. De Sender Diddeleng ass e wichtege Knuetpunkt an der kritescher Kommunikatiounsinfrastruktur vum Land an ass net nëmme fir d’Radiosverdeelung, mä eventuell och fir aner Servicer, elementar.
Dësen Tëschefall, deen nëmme kuerz nom Ausfall vun engem Deel vun der Post-Infrastruktur geschitt ass, werft fundamental Froen iwwer d’Resilienz an d’Sécherheet vun de nationale kriteschen Infrastrukturen op. D’Regierung insistéiert ëmmer erëm op d’Wichtegkeet, datt d’Bierger sech fir de Krisefall sou gutt wéi méiglech virbereeden, ënner anerem duerch e Batterie-Radio. Wann d’Kärinfrastruktur, déi esou Nout-Informatiounen ausstraalt, awer selwer scho bei engem klassesche Stroumausfall verseet, gëtt d’Glafwierdegkeet vun de Sécherheetsstrategië massiv a Fro gestallt. Et ass essenziell ze wëssen, wéi séier d’BCE an de Staat, an hirer Roll als Opsiicht iwwer dës kritesch Strukturen, op esou Tëschefäll reagéieren a wéi d’Maintenance vun den Noutfallsystemer geséchert gëtt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi eng exakt Ursaach huet den Ausfall vum Noutstroumgenerator um Sender Diddeleng den 29. September 2025 ausgeléist a wéi eng Moossname goufe geholl, fir esou e Feeler an Zukunft auszeschléissen?
-
Wéi ass d’Verbindung vum Sender Diddeleng, deen d’UKW-Frequenzen 88,9 MHz an 100,7 MHz ausstraalt, am Kader vun de Richtlinne fir kritesch Infrastrukturen (NIS2, asw.) klassifizéiert a wien huet déi operationell Opsiicht iwwer d’Resilienz vun dëser Ariichtung?
-
Wéi vill vun den essentiellen UKW-Sendere mat ëffentlech-rechtlecher Missioun am Land sinn aktuell mat engem voll funktiounsfäegen Noutstroumsystem (Dieselaggregat, asw.) ekipéiert, deen onofhängeg vum Stroumnetz am Noutfall d’Emissioun garantéiert?
-
Ass et richteg, datt verschidde Regioune vum Land, wéi Deeler vun Esch-Uelzecht, bei engem Ausfall vum Sender Diddeleng (88,9 MHz an 100,7 MHz) net iwwer alternativ national UKW-Frequenzen (wéi 92,5 MHz an 95,9 MHz) erreecht kënne ginn, an ass eng flächendeckend Noutversuergung iwwer UKW zu Lëtzebuerg garantéiert?
-
Wéi eng Prozeduren a wéi eng Zesummenaarbecht (Staat/Regulateur/Betriber) trieden a Kraaft, fir d’Bierger bei engem Ausfall vun enger kritescher Kommunikatiounsinfrastruktur séier an zouverlässeg iwwer d’Ursaach an déi weider Entwécklung z’informéieren?
-
Ass d’Regierung bereet, eng déifgräifend Iwwerpréiwung vun der technescher Resilienz an der Redundanz vun alle kritesche Kommunikatiouns- an Informatiounsinfrastrukturen (Radio, Telekommunikatioun, Datenzenteren) an Zesummenaarbecht mat den Agence fir Cybersécherheet an de betraffenen Operateuren ze lancéieren?
-
Wéi eng Investissementer sinn an de kommende Jore virgesinn, fir d’Lëtzebuerger Noutfall-Infrastruktur mat Satellittekommunikatioun an DAB+ weider ze stäerken, fir eng méi zouverlässeg Redundanz am Krisefall ze garantéieren?
QP Nummer 2965