Standuert Süden fir d’Studentefoire

 D’Studentevereenegung ACEL huet rezent ëffentlech Kritik un der Regierung gelooss, wat d’Organisatioun vun der Studentefoire betrëfft. D’CSJ huet an engem Communiqué d’Kriticken vun der ACEL gedeelt a schreift: “Mir als CSJ, zesumme mat eisen CSJ Schüler a Studenten, déi viru gutt enger Woch selwer mat engem Stand un der Studentefoire deelgeholl hunn, deelen d’Ureegungen an d’Bedenke vun der ACEL. […] De Standuert am Süde vum Land féiert dozou, datt vill Schüler a Studente laang Strecken hu fir op d’Foire ze kommen. D’Verbindunge mam ëffentlechen Transport, dee fir vill Jonker ouni Führerschäin onëmgänglech ass, si besonnesch aus dem Norden an dem Osten vum Land schlecht.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi steet d’DP-CSV-Regierung zur Organisatioun vun der Studentefoire am Süden? 

  2. Wéi steet d’DP-CSV-Regierung zur Dezentraliséierung vun den Aktivitéiten an zur Stäerkung vun de wirtschaftlechen a staatlechen Aktivitéiten am Süden? 

  3. Wéi bewäert d’Regierung d’Kriticke vun de Jonke betreffend dem ëffentlechen Transport tëschent de Regiounen hei am Land? Akzeptéiert si d’Kritik, dass d’Transportweeër ze laang sinn?

  4. Wat wäerten se maachen, fir dass den Transport tëschent dem Norden Osten, Norden am Süden hei am Land besser gëtt? 

  5. Wéi wäert de Süden allgemeng gestäerkt ginn an noher Zukunft?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3179

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene