D’ Gesetz vum 21. Juli 2023 betreffend den 12. Fënnefjoresplang am Beräich vun de Sportsinfrastrukture stellt der Regierung insgesamt 135 Milliounen € zur Verfügung fir de Bau vun neie Sportsinfrastrukturen ze kofinanzéiere respektiv den Ënnerhalt an d’Renovatioun vu besteeënde Gebailechkeete finanziell ze ënnerstëtzen. Dës Gelder kommen aus dem Fonds d’équipement sportif national, dee mat Budgetsdotatioune gespeist gëtt, fir d’Joer 2024 an 2025 jeeweils mat 5 Milliounen €. Am Pluriannuell 2025-2028 si fir d’Joren 2026 20 Milliounen €, fir 2027 an 2028 jeeweils 25 Milliounen € virgesinn.
Dëst Gesetz huet an dësem Sënn innovéiert, dass nach just déi Projeten, déi iwwert 2 Milliounen € ouni TVA ausmaachen, per groussherzoglechem Reglement musse festgehale ginn. Esou ass mam groussherzogleche Reglement vum 31. Juli 2024 eng 1. Lescht vu Projete festgehale ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Kënnen d’Ministeren een Tableau opstelle mat de Projeten ënnert 2 Milliounen € HTVA, déi säit dem 1. Januar 2023 ënnerstëtzt gi sinn, mat der Beschreiwung vum Projet, dem Beneficiaire, dem Montant, dee bis elo engagéiert ginn ass an dem Montant, dee bis elo ausbezuelt ginn ass, mat der Präzisioun op et sech hei em ee lokalen, regionalen oder nationale Projet handelt?
-
Kënnen d’Ministeren dat selwecht maache mat de Projeten, déi op der 1. Lescht vum 12. Fënnefjoresplang stinn?
-
Kënnen d’Ministeren een Tableau opstelle mat der Beschreiwung vun de Projeten, déi säit dem 1. Fënnefjoresplang wuel geplangt waren, awer nach net realiséiert gi sinn, dem Montant, deen do schonn engagéiert ginn ass an den eigentleche Bauhär vun deem Projet?
-
Kënnen d’Ministeren eng Opstellung maache mat de Montanten a Projete pro Fënnefjoresplang, déi ni engagéiert gi ware respektiv ni finaliséiert gi sinn?
-
Wat geschitt mat de Suen, déi fir dës Projeten an de viregte Fënnefjorespläng ageplangt waren an net realiséiert gi sinn oder net engagéiert gi waren?
-
Kënnen d’Ministeren den aktuelle Stand vum Fonds d’équipement sportif national op den 1. Oktober 2025 präziséieren, mat dem Detail vun de Projeten, wou scho Suen engagéiert sinn?
-
Eisen Informatiounen no huet de Sportsministère de spezifeschen Tennisbuedem fir den Daviscupmatch am Februar 2025 an der Coque bezuelt.
• Kann de Minister dat confirméieren?
• Wéi héich war des Ausgab HTVA an ass dat iwwer de Fonds d’équipement sportif national gelaf oder iwwert een aneren Artikel?
• Konnt dësen Tennisbuedem och fir de Ladiestennismaster am Oktober an der Coque gebraucht ginn? Wann nee, firwat net?
• Ass dëse Buedem säitdeem benotzt ginn?
• Wou gëtt dëse spezifesche Buedem aktuell gelagert?
• Ass séchergestallt, dass dëse Bueden nach eng Kéier ka benotzt ginn? -
Kënnen an deem Sënn och aner Federatiounen un de Sportsministère eruntriede fir spezifescht Material oder Ekipementer bezuelt ze kréien?
QP Nummer 3067