Schutz vun nationalen Denkmaler

Op enger Manifestatioun an der Stad hunn Demonstranten de Weekend d’Statue vun der Grand-Duchesse Charlotte mat Fändelen agedeckt. D’Monumenter hunn ëmmer eng Symbolik a sti fir Wäerter, déi mir als Gesellschaft wëllen héichhalen. D’Statue vun der fréierer Groussherzogin ass, ënnert Anerem, ee Symbol vun der Resistenz, géint d’Ënnerdréckung vu Lëtzebuerg duerch d’Nazien a fir d’Fräiheet an Toleranz. Op der Manifestatioun waren och Manifestante mat Plakater ënnerwee, déi dem israeelesche Staat seng Existenzberechtegung oferkennen (Zum Beispill: “There is only one State Palestine forty-eight”). 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi ginn Denkmaler hei am Land virun esou symboleschen Aktiounen geschützt?

  2. Wéi sinn Denkmaler hei am Land viru Vandalismus geschützt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2953

Zesummenhang posts

Mir ass ee Fall zougedroe ginn, wou ee Proprietär vu verschiddene Residencë wéinst Renovatiounsaarbechten engen 30 Locatairen hir Kontrakter kënnegt. Déi ronn 30 Locatairë