No der Affair “Casier bis”, bei där bekannt ginn ass, dass et um Niveau vun der Justiz eng inoffiziell Datebank mat persounebezunnenen Date gouf, déi keng legal Basis hat, gouf bei der Police a bei der Justiz um Niveau vum Dateschutz nogebessert. D’Datebanke goufe geläscht oder vun engem entspriechende gesetzleche Kader encadréiert an d’Datenzougrëffer ginn tracéiert. Wëll d’Personal op eng Datebank zougräifen, muss agedroe ginn, firwat dës Consultatioun néideg ass. Géif e:ng Mataarbeschter:in op Daten zougräifen, déi bspw. kee Rapport mat der Missioun vum Aarbeschtsposten hunn, oder kee valable Grond fir d’Consultatioun agetippt ginn, géif dat beim Kontrolléiere vun de Logs opfaalen.
Mee net nëmme bei der Police an der Justiz gëtt mat digitalen Datebanke geschafft. Och en Deel vum Personal aus der Fonction publique gebraucht am Alldag digital Datebanken, déi persounebezunnen Daten enthalen, wéi z. B. de Registre national des personnes physiques.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
De Règlement grand-ducal vum 28. November 2013 iwwert d’modalités d’application de la loi du 19 juin 2013 relative à l’identification des personnes physiques gesäit vir, dass eng Persoun, fir Zougrëff op den RNPP ze kréien, muss en Accès accordéiert kréien a fir d’Consultatioun eng “authentification forte” muss gemaach ginn.
Gëtt et doriwwer eraus eng Obligatioun, fir e Grond fir d’Consultatioun unzeginn?
-
Falls nee, wisou net?
Falls jo, wéi oft a vu weem gëtt kontrolléiert, dass d’Grënn fir d’Consultatioune vun der Datebank legitim sinn?
QP Nummer 364