Schutz vu Kanner duerch de Staat

Am Beräich vum Kanner- a Jugendschutz schaffe vill staatlech an net-staatlech Organisatioune ronderëm d’Auer, 24Stonnen op 7, fir Projeten an Hëllefsmoossnamen ëmzesetzen. D’Hëllef kënnt virun allem deene Kanner zegutt, déi net d’Chance hunn, an engem “normalen” sozialen Ëmfeld opzewuessen. Grad, wa Gewalt oder Vernoléissegung am Ëmfeld ass, mussen d’Kanner schnell gehollef kréien.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi huet sech d’Unzuel u Signalementer am Kader vum Kanner- a Jugendschutz an de leschte fënnef Joer entwéckelt?

  2. Bei wéi engen Institutioune goufen d’Signalementer gemaach, a wéi verdeelen sech d’Zuelen hei (wéi vill Signalementer goufen a Spideeler gemaach, wéi vill bei der Police, wéi vill beim Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend, wéi vill beim SCAS, etc.)?

  3. Wéi vill Kanner goufen no dëse Signalementer placéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3190

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene