Schlecht Stëmmung am Ëmweltministère

Een Artikel am Tageblatt vum 26ten November beriicht iwwert eng schlecht Aarbechtsatmosphär am Ëmweltministère. Rieds ass vun onfairen Prozeduren, Favoritismus beim Rekrutement an enger gewëssener Arroganz vum Management vis-à-vis vum Personal. Am Artikel steht och geschriwwen: “Das Umweltministerium befinde sich „mitten im Prozess“, um das Wohlbefinden auf dem Arbeitsplatz zu verbessern.” Dës Ausso kann een als Bestätegung liesen, dass d’Wuelbefannen op der Aarbecht am Ëmweltministère aktuell net gutt ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat wäert den Ëmweltminister, Serge Wilmes, ënnerhuelen, fir d’Situatioun um Ëmweltministère ze verbesseren?

  2. Wat fir eng weider Aktioune wäert de Minister fir den ëffentlechen Déngscht, Serge Wilmes, ënnerhuelen, fir dem Ëmweltministère am Prozess z’ënnerstëtzen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3269

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene