Schanklizenzen (concession de cabaretage)

An engem rezenten Artikel am Luxemburger Wort gouf op d’Problematik vun de Relatiounen tëscht de Groussbrauereien an de Lëtzebuerger Gastronomen higewisen. Nieft de kriddelege Vertragsbedingunge gouf och d’Thematik vun de Schanklizenzen (concession de cabaretage) thematiséiert. Et gëtt bericht, datt Lizenzen, déi u sech wéinst Net-Notzung verfale missten, duerch strategesch “Rochaden” tësche verschiddene Gebaier oder Betriber “um Liewe gehale ginn”. Dëst Virgoen erméiglecht et grousse Brauereien, d’Kontroll iwwert d’Lizenzen ze behalen an domat de Marché ze dominéieren, wärend et fir onofhängeg Entrepreneure schwéier ass, u fräi Lizenzen ze kommen.

D’Gesetz gesäit vir, datt bestëmmte Lizenzen, wann se net genotzt ginn, no enger gewësser Zäit verfalen, ausser et gëtt eng Ausnamegeneemegung (Dispense) vun der Douane accordéiert. Laut dem Artikel ginn awer dacks Lizenzen, déi kuerz virum Verfall stinn, op lafend Betriber iwwerdroen, wärend d’Lizenz vum lafende Betrib op dat eidel Gebai gesat gëtt, fir d’Delaien ze verlängeren. Dës Praxis, an d’Zuel vun de “schlofende” Lizenzen, werfe Froen iwwert d’Transparenz an d’Accessibilitéit vum Horesca-Marché op.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Transferte vu Schanklizenze vun engem Gebai op en anert goufen an de leschte 5 Joer (opgeschlësselt pro Joer) bei der Douane enregistréiert? 

  2. Wéi vill Schanklizenze sinn aktuell mat enger “Dispense” vun der Notzungspflicht beluecht, a wéi huet sech dës Zuel iwwer déi lescht 5 Joer entwéckelt? 

  3. Wéi vill Schanklizenze sinn an de leschte 5 Joer definitiv verfall, well se weder genotzt goufen nach eng Dispens accordéiert kruten? 

  4. Huet de Ministère Kenntnis vun der am Artikel beschriwwener Praxis vu “Rochaden”, wou Lizenzen nëmmen transferéiert ginn, fir de gesetzleche Verfall ze ëmgoen, a gedenkt de Minister Mesuren ze ergräifen, fir dës Praxis ze ënnerbannen?

  5. Wéi vill Lizenzen, déi aktuell gëlteg sinn, sinn am Besëtz vu Brauereien oder Brauerei-Gruppen (direkt oder iwwer Duechtergesellschaften), a wéi héich ass dësen Undeel am Verglach zur Gesamtzuel vun de Lizenzen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3312

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene