An der Äntwert op meng parlamentaresch fro n°2351 huet de Minister verschidden Detailer zu Saisië vu gefälschte Luxusartikel a Produite ginn. Opgrond vun dësen Äntwerte stellen sech awer eng ganz Rei weider Froen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
An der Äntwert op d’Fro 1 schreift de Minister: “Déi substantiell Hausse no 2022 kann dobäi op méi Facteuren zréckgefouert ginn, dorënner déi wirtschaftlech Post-Covid-Reprise.”
Kann de Minister weider Prezisioune ginn, firwat et zu dëser signifikanter Hausse zu Lëtzebuerg réischt 2023 komm ass? Dëst besonnesch virum Hannergrond, dass grad mat der Covid-19-Pandemie an de Lockdowne schonn 2020 respektiv 2021 den Online-Handel massiv eropgaang ass an och d’EUIPO schonn 2021 dorop opmierksam gemaach huet, dass 2020 ronn 7 Prozent vun allen Importer an d’EU Fakes gewiescht wiere, mat engem Wäert vun 120 Milliarden Euro.
-
An der Äntwert op d’Fro 4, vu wou déi meeschte gefälschte Wueren hierkommen, äntwert de Minister, dass déi meescht gefälscht Produiten aus China, der Türkei an dem Vietnam géif kommen.
Kann de Minister preziséieren, op wéi engem Wee déi gefälschte Wueren an d’Land komm sinn? -
Bei der Fro 6 gëtt de Minister Detailer iwwert d’Käschte fir d’Vernichte vu Fakes. Bei dësen Zuelen ass eng däitlech Baisse vun de Käschte festzestellen.
Kann de Minister déi däitlech Baisse vun de Käschten erklären, besonnesch am Hibléck op déi massiv Croissance vu saiséierte Produiten? -
Falen am Zesummenhang vum Saiséiere vu gefälschte Produiten nieft de Käschte fir d’Vernichten nach weider aner Käschten un? Wa jo, woufir a wéi héich sinn dës Käschten an de leschte 5 Joer gewiescht?
-
Kann de Minister schematesch duerstellen, wat nom Saiséiere vun engem gefälschte Produit geschitt a wat fir verschidde Prozeduren et ginn?
QP Nummer 2530