Remboursement vun zwou ënnerschiddlechen Echographien

D’Statute vun der Gesondheetskeess (CNS), speziell den Artikel 36 iwwert d’Limitatioun vun de Leeschtungen, leeë fest, datt grondsätzlech net méi wéi eng Consultatioun beim selwechten Dokter bannent 24 Stonnen iwwerholl gëtt. Och fir obstetresch Echographië gëtt et eng explizit Limitatioun op dräi Ënnersichunge pro Schwangerschaft. Et fënnt sech an den aktuellen Texter awer keng offensichtlech Bestëmmung, déi de Remboursement vun zwou verschiddenen, medezinesch indizéierten Echographien (z. B. vun ënnerschiddleche Kierperdeeler), déi um selwechten Dag duerchgefouert ginn, explizit ausschléisst.
Trotzdeem gouf mir vu Patiente rapportéiert, datt d’CNS de Remboursement refuséiert, wann zwou komplett ënnerschiddlech Ultraschall-Ënnersichungen um selwechten Dag duerchgefouert ginn, och wann eng gülteg medezinesch Ordonnance fir béid Exame virleit. Dës administrativ Praxis féiert dozou, datt Patiente gezwonge sinn, fir deen zweeten Examen en neie Rendez-vous un engem aneren Dag ze huelen. Dëst verursaacht net nëmmen onnéideg Deplacementer fir krank Patienten, mee blockéiert och ineffizienterweis zwee Rendez-vousen bei den Dokteren, wat d’Waardezäite fir aner Patienten onnéideg verlängert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Op wéi enger geneeër legaler oder reglementarescher Basis (Artikel an de Statuten oder der Nomenklatur) berout de Refus vun der CNS, zwou verschidden a medezinesch verschriwwen Echographien, déi um selwechten Dag gemaach ginn, ze rembourséieren, wann den Artikel 36 vun de Statuten nëmmen explizit Limitatioune fir Consultatiounen an obstetresch Echographien ernimmt?

  2. Ass d’Ministesch der Meenung, datt dës Praxis am Aklang mam Prinzip vun enger effizienter a patientefrëndlecher Versuergung steet, besonnesch wann et sech ëm Ënnersichunge vu ganz verschiddene Kierperregiounen handelt (z. B. Schilddrüs an Abdomen)?

  3. Gëtt et Pläng, dës administrativ Hürd ofzeschafen, fir ze verhënneren, datt Patiente kënschtlech zu duebele Visite gezwonge ginn an domat d’Disponibilitéit fir aner Patiente reduzéiert gëtt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3422

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene