Remboursement vum Congé politique

Gemengemandatairen hunn ee Recht op ee Congé politique, fir dass si hiert Mandat onofhängeg erfëlle kënnen. Fir verschidde Patrone stellt dëse Congé een Challenge duer, well si hirem Employé fräi musse ginn, mee de Remboursement fir all déi Stonnen eréischt d’Joer drop kann ugefrot ginn. Bei klenge Betriber kann sech dëst schnell op d’Käschten an d’Liquiditéiten auswierken, speziell wann eng Persoun muss agestallt ginn, fir de Salarié z’ersetzen oder den Independant Stonne verléiert, déi en a seng Firma a seng Aarbecht  kéint investéieren

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Besteet d’Méiglechkeet beim Inneministère, dass een den aktuelle System ofännert, esou dass Patronen a Selbststänneger de Remboursement vum Congé politique trimestriell oder monatlech kéinten ufroen?

  2. Wäert den Inneminister dofir suergen, dass de Remboursement vum Congé politique esou organiséiert gëtt, dass de Remboursement trimesteriell oder monatlech kéint ugefrot ginn? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3081

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene