A menger parlamentaresch Fro n°446 hat ech Froe gestallt zum Remboursement bei der Krankekeess vun 12 Consultatiounen iwwer 6 Méint bei engem Generalist oder Spezialist. Fir all weider Consultatioun freet d’Krankekeess eng Justifikatioun, respektiv et muss een am Viraus ëm Erlabnis froen. Fir Persoune mat raren oder chronesche Krankheeten, déi dacks och onheelbar sinn, kann et awer heefeg virkommen, dass si méi wéi 12 Consultatiounen innerhalb vu 6 Méint brauchen, well hir Krankheet ganz enk medezinesch muss suivéiert ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Plangt de Ministère fir bei de Krankekeese speziell Servicer fir Leit mat raren oder chroneschen an onheelbare Krankheeten anzeféieren, déi de concernéierte Patient:innen mat engem séieren Encadrement hëllefen, fir esou onnéideg administrativen Hürden ofzebauen an dësen dacks vill geplote Patient:innen et méi einfach ze maachen? Wa nee, firwat net?
-
Plangt de Ministère aner Mesuren am Kader vun der Krankekeess, fir Patient:innen, déi ënnert enger rarer oder chronescher onheelbarer Krankheet leiden, de Remboursement vu Consultatiounen a Medikamenter méi einfach, méi onkomplizéiert a méi séier ze maachen? Wa nee, firwat net?
-
Plangt de Ministère fir et Patient:innen mat raren oder chroneschen an onheelbare Krankheeten ze erméiglechen, och ouni weider administrativ Demarchë méi wéi 12 Consultatiounen innerhalb vu 6 Méint rembourséiert ze kréien?
-
Verschidde concernéiert Patient:innen brauchen dann och méi wéi just ee groussen Exame pro 6 Méint. Vun de Krankekeesse gëtt allerdéngs just 1 rembourséiert. Ass hei geplangt eng Ausnam fir Patient:innen mat raren oder chroneschen an onheelbare Krankheeten ze maachen? Wa nee, firwat net?
QP Nummer 2690