Reegelen fir den Iwwerfluch vun auslännesche Militärfligeren

L’essentiel schreift an engem Artikel vum 10te November 2025, datt en amerikaneschen Militärfliger vum Typ V-22 Osprey géint 12.30 Auer am lëtzebuergesche Loftraum ënnerwee war. Dëse Modell vun der US Air Force ass eng hybrid Konstruktioun tëscht Fliger an Helikopter, déi vertikal starte kann an eng Héchstvitess vun iwwer 500 km/h erreecht. Seng genee Destinatioun war, aus Sécherheetsgrënn, net bekannt, a konnt deemno net op ëffentleche Fluchradaren nogekuckt ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Ënnert wéi enge Konditiounen a Reegelen dierfen esou Militärfligeren de Lëtzebuerger Loftraum notzen? Gëtt heibäi eng Ënnerscheedung gemaach tëschent NATO-Partnerlänner an net NATO-Partnerlänner a falls jo, wéi ënnerscheeden sech d’Reegelen an d’Prozeduren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3178

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene