Mir ass ee Fall zougedroe ginn, vun enger Persoun, déi wéinst engem Gehiertumor operéiert ginn ass, a bis haut keng Reeducatiounsmoossnahmen krut. D’Persoun krut d’Informatioun, dass d’CNS keng Reeducatioun am Ausland méi finanzéiert, well de Centre de Réhabilitation zu Kolpech op onkologesch Reeducatioun spezialiséiert ass. Dës Persoun konnt awer zu Kolpech net opgeholl ginn. Et gouf drop higewisen, dass eventuell de Rehazenter kéint a Fro kommen, mee laut verschiddenen Erfarunge gi besonnesch eeler Leit do nëmme schwéier opgeholl.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Patient*innen konnten zënter der Ëmstrukturéierung zu Kolpech am Beräich vun der onkologescher Reeducatioun behandelt ginn?
-
Wéi vill Ufroe goufen zeréckgewise, a mat wéi engen Haaptursaachen?
-
Wat geschitt mat de Patient*innen, déi zu Kolpech net opgeholl ginn? Gi si systematesch reorientéiert – a wa jo, a wéi eng Ariichtungen oder Servicer?
-
Wéi vill Leit hu bis elo eng Demande fir Reeducatioun am Zesummenhang mat engem Gehiertumor am Rehazenter agereecht, wéi vill goufen dofir opgeholl, a wéi vill Demande goufen zeréckgewise?
-
Besteet fir Patient*innen, déi eng spezialiséiert Reeducatioun brauchen an hei am Land net kënnen opgeholl ginn, d’Méiglechkeet, eng Traitement am Ausland ze maachen? Gëtt et a sou Fäll Konventiounen oder Accorden tëscht der CNS an auslänneschen Etablissementer?
QP Nummer 3032
Nofro
n°3368
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°3032 betreffend der Reeducatioun vu Kriibspatienten hat d’Gesondheetsministesch follgend Informatioune geliwwert:
“Tëschent dem 1. Januar 2023 an dem 20. Oktober 2025 huet den CRCC insgesamt 93 Demanden
ëmorientéiert oder refuséiert. Dat entsprécht knapp 12 % vun den Demanden an der Period. […]
“Wann de CRCC sech an der Onméiglechkeet gesäit, engem Patient eng adequat Rehabilitatioun
unzebidden, gëtt déi Persoun systematesch ëmorientéiert. […] Fir eng Rehabilitatioun an der Geriatrie gëtt zum Beispill an den Hôpital Intercommunal Steinfort (HIS) oder an d’Spideeler ëmorientéiert, an anere Fäll gehéiert de Rehazenter zu deenen Etablissementer, an déi am heefegsten ëmorientéiert gëtt.”
An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:
- Opgrond vu wéi enge Krittäre goufen d’Leit refuséiert?
- Bidden d’Strukturen am Hôpital Intercommunal Steinfort an am Rehazenter déi nämmlecht Prestatiounen an der nämmlechter Qualitéit un, wéi am Centre de Réhabilitation Château de Colpach?
- Wéi vill Patient:innen goufen an deene leschte Joren an auslännesch Etablissementer geschéckt?