Den Artikel 9 vum Gesetz vum 22te September 2014 iwwert de Filmfong gesäit vir, datt eventuell Recetten aus der Exploitatioun vun engem gefërderte Film „au prorata“ vum Investissement un de Filmfong zeréckbezuelt musse ginn. Am groussherzogleche Reglement vum 4te November 2014 ginn d’Modalitéiten gereegelt, wéi eventuell Recetten mussen zeréckbezuelt ginn („Modalités de remboursement des Aides“). Et stellt sech d’Fro, wéi d’Remboursementsmodalitéiten an der Praxis applizéiert ginn, besonnesch, • wat d’Bestëmmung vun de „recettes nettes“; • de Faktor tëschent 0,5 an 1,5; • an d’Méiglechkeet vum Fonds ugeet, ganz oder deelweis op eng Remboursement ze verzichten. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°3401 huet de Minister een Tableau opgelëscht mat all de Filmer a Produktiounsfirmen, déi an der Vergaangenheet Sue vum Filmfong kruten.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi héich waren zanter 2015 d’Réckbezuelungen un de Filmfong op Basis vun den uewe genanntenen legalen Dispositiounen a wéi verdeelen sech d’Réckbezuelungen?
Wéi héich ass de Prozentsaz vun den effektiv zeréckbezueltene Montanten am Verglach zum Gesamtmontant vun den zougesprachene Hëllefen (384,214 Milliounen Euro) an de leschten zéng Joer?
Wéi verdeelen sech d’Réckbezuelungen, opgelëscht no Produktiounsfirma? Wéi verdeelen sech d’Réckbezuelungen, opgelëscht no Film?
A wéi ville Fäll huet de Filmfong ganz oder deelweis op e Remboursement verzicht?
Bei wéi ville Projeten ass de Faktor tëschent 0,5 an 1,5 applizéiert ginn, a no wéi enge Krittären gouf dëse Faktor festgeluecht?
Wéi héich ass de Montant u kapitaliséierte Remboursementer, deen aktuell am Numm vun de Produktiounsfirmen verbucht ass an fir nei Projeten erëm agesat ka ginn? Kënnt de Minister dëse Montant pro Produktiounsfirma uginn?
Wéi garantéiert de Minister, datt de kulturellen Volet net als Alibi mëssbraucht gëtt, fir den Artikel 9 net mussen unzewennen an deemno ausser Kraft ze setzen, woumadder d’Staatskeess ëm Milliounen Verloschter mécht?
QP Nummer 3750