D’Qualitéit vun der legislativer Aarbecht an d’Effizienz vum Gesetzesprozess sinn zentral Elementer vun enger funktionéierender Demokratie. An dësem Kontext spillt d’personell Ausstattung vun de Ministèren, besonnesch wat d’Ausschaffe vu legislativen Texter ugeet, eng decisive Roll.
Et ass awer festzestellen, datt de Staatsrot reegelméisseg seng Onzefriddenheet iwwert d’Qualitéit vun de Projeten de loi zum Ausdrock bréngt, déi him fir Avis ënnerbreet ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Fonctionnaire oder Employéeë, déi legislativ Texter ausschaffen, schaffen op de verschiddene Ministèren, opgeschlësselt no Ministère?
-
Opgeschlësselt no Ministère, wéi vill vun dëse Fonctionnaire oder Employéeë schaffen a Vollzäit respektiv an Deelzäit?
-
Opgeschlësselt no Ministère, wéi vill ETP (Employé Équivalent Temps Plein) mécht dat aus?
-
Wéi war d’Evolutioun respektiv d’Fluctuatioun vun der Unzuel vun dëse Mataarbechter, opgeschlësselt no Ministère?
QP Nummer 2913